Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boygenius - $20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Hierscht war ze waarm, ze naass a liicht méi sonneg

Meteo

Den Hierscht war ze waarm, ze naass a liicht méi sonneg

Ze waarm, ze naass a liicht méi sonneg - esou léisst sech den Hierscht zu Lëtzebuerg zesummefaassen. De Meteorolog Luca Mathias huet méi Detailer dozou ginn an erkläert, datt déi héich Temperaturen e Signal vum Klimawandel sinn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Temperatur zu Lëtzebuerg louch dësen Hierscht bis ewell annerhallwe Grad iwwer der Moyenne vu de leschten 30 Joer, dat mat 11,3 Grad am Duerchschnëtt, engem Héchstwäert vu 15 Grad an enger nidderegster Temperatur vu 7,9 Grad Celsius.

E Signal vum Klimawandel

Just déi zweet Hallschent September louchen d'Temperaturen ënner de Moyennen, erkläert de Luca Mathias vu MeteoLux:

"Den Oktober war zesumme mam Joer 2006, de wäermsten Oktober, dee mir um Findel zanter 1947 gemooss hunn. An elo iwwer de gesamten Hierscht gekuckt - d'Méint September, Oktober November - war et den drëttwäermsten Hierscht, dee mir um Findel säit 1947 gemooss hunn."

Iwwer dës éischt an drëtt Plazen um Temperatur-Podium kéint ee sech awer net freeën, well dëst wier definitiv e Signal vum Klimawandel, esou de Luca Mathias. Déi "méi hefteg a méi positiv Temperatur-Anomalien" iwwer déi lescht Jorzéngten wieren och dorop zeréckzeféieren.

Méi Reen a keen Dag Loft-Frascht

Datt et mat bal 270 Liter pro Quadratmeter, déi um Findel gemooss goufen, e Krack méi gereent hätt, wier awer eng gutt Saach gewiescht nom dréchene Summer, esou nach de Meteorolog.

E Weidere markante Fait vun dësem Hierscht ass, datt et keen eenzegen Dag Loft-Frascht. Dat war eréischt just zwee Mol de Fall zanter Wiederdonnéeë gesammelt ginn: nämlech 2002 an 2014.