Een direkten Zesummenhang tëschent dem Hongerstreik an der Revolt de virleschte Mëttwoch zu Schraasseg géif et net ginn, hat den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil de Moien am 100,7-Interview erkläert. Decidéiert goufe punktuell Verbesserunge fir d'Prisonéier.
Een Infektiounsfall mam Coronavirus géif et zu Schraasseg nach ëmmer net ginn, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.
Dem Serge Legil no, wier de Prisong de Moment net iwwerbeluecht. 470 Prisonéier sinn do, Plaz wier fir bis zu 600 Prisonéier. Och d'Justizministerin Sam Tanson huet haut an der Chamber gesot, datt et kee Risiko vun enger Surpopulatioun zu Schraasseg géif ginn.