Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Impfstoff, dee kee wëll

Däitschland

Den Impfstoff, dee kee wëll

An Däitschland wëlle sech ëmmer manner Leit mam AstraZeneca-Impfstoff impfe loossen. Zu Berlin wieren zéngdausenden Dosen do - et gëtt just keng Demande. Fir géint den Zweiwel an der Populatioun unzekämpfen, wëll sech elo e prominente Politiker ëffentlechkeetswierksam vaccinéiere loossen.

auto_stories

3 min

De Karl Lauterbach ass zanter Joren ee vun de Gesondheets-Experten vun der däitscher SPD. Als ausgebilten Dokter ass hien am leschte Joer awer zu enger vun de wichtegste Stëmmen an der däitscher Politik beim Theema Corona ginn.

Op Twitter huet de Karl Lauterbach elo ugekënnegt, vun Enn Februar un als Impfdokter a sengem Walkrees zu Leverkusen auszehëllefen. Hien an dat ganzt Team, mat deem en do zesummeschafft, géife sech do mat AstraZeneca impfen - fir de Leit d'Angscht virun dësem Impfstoff ze huelen.

D'Akzeptanz vun der däitscher Populatioun fir den Impfstoff vum brittesche Produzent fält an dësen Deeg. An de Bundeslänner Nordrhein-Westfalen a Niedersachsen hu sech no enger AstraZeneca-Impfung eng ganz Rei Leit aus dem Gesondheetssecteur wéinst Niewewierkunge krankgemellt - eng Nouvelle, déi dozou gefouert huet, datt op verschiddene Plazen an Däitschland geplangten Impfunge gestoppt goufen.

Impfbereetschaft geet erof - och am Saarland

Mëttlerweil gëtt mat AstraZeneca nees weidergeimpft. Allerdéngs hält sech d'Demande a Grenzen. Beispill Berlin: do koume lescht Woch 30.000 Impfdosen un - bis elo goufen der awer manner wéi 1.000 dovun verimpft.

Am Moment gëtt an Däitschland just medezinescht Personal mat AstraZeneca geimpft. Mee genau déi decidéiere sech am Moment ëmmer méi dacks géint dës Impfung.

A verschiddene Bundeslänner, och am Saarland un der lëtzebuergescher Grenz, konnt een dat u konkreten Zuele gesinn. Déi saarlännesch Gesondheetsministerin sot dës Woch, datt bei enger geplangter Impfung ënner medezineschem Personal méi wéi d'Hallschent vun de Leit net komm ass. Och Nordrhein-Westfale mécht sech no de rezenten Evenementer Suergen. D'Impfbereetschaft wier tendenziell éischter kleng.

Dat riskéiert fir Däitschland zu engem laangfristege Problem ze ginn. Bundeswäit sinn nämlech an Däitschland vu ronn 700.000 geliwwerten AstraZeneca-Dosissen der just 65.000 verimpft ginn a bis Ufank Abrëll solle weider 5,6 Milliounen Dosen ukommen.

Politik a Wëssenschaft halen awer um Impfstoff fest. De Gesondheetsminister Jens Spahn sot hie géif sech, wann en d'Méiglechkeet hätt, direkt mat AstraZeneca impfe loossen. Och de Christian Drosten, Virolog vun der Berliner Charité, gesäit kee Grond, dësen Impfstoff als zweetklasseg anzestufen. Déi Niewewierkungen, déi elo opgetaucht wieren, wieren normal Impfreaktiounen - déi just géife weisen, datt den Immunsystem ugespronge wier.


Update: Wéinst ugekënnegte Protester virum Impfzentrum, an deem de Karl Lauterbach schaffe sollt, huet d'Police d'Sécherheet a Gefor gesinn an den SPD-Politiker huet doropshin op Twitter matgedeelt, datt hie säin Asaz annuléiert.