Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den IRM um Potaschbierg huet haut seng Aarbecht opgeholl

Privat Initiativ

Den IRM um Potaschbierg huet haut seng Aarbecht opgeholl

Wéi ugekënnegt sinn de Mëttwoch de Moien déi éischt Patienten am Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg bei Gréiwemaacher en charge geholl ginn. Siwen IRMen a véier Rëntge ware fir dësen éischten Dag programméiert ginn. An d'Santé huet bis zur Stonn och keng Interventioun gemaach fir dat ze verhënneren.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Net ouni Stolz féiert den Dokter Frédéric Hencks duerch déi fonkelnei Raimlechkeeten um Potaschbierg, a weist den IRM, de Scanner an de Rëntgen-Apparat, déi also vun haut un net do méi just testweis, mee richteg genotzt ginn.

Ee vun den éischte Patienten huet den IRM grad hannert sech, kënnt eraus mat enger Rechnung. An wäert déi och elo bei der CNS eraginn.

Et geet ëm 162,90 Euro. Den Tarif fir den acte médical. Genee déi Zomm, déi och an de Spideeler dofir verrechent gëtt. Um Potaschbierg wäert an enger éischter Phas generell just d'Prestatioun vum Dokter facturéiert ginn, dat technescht Ëmgeréits nach net.

Elo läit de Ball beim Gesondheetsministère

Mat där Strategie hofft d'Ekipp vum Potaschbierg, de Ministère op de Wee vun engem konstruktiven Dialog ze kréien. Fir eng Léisung ze fannen, déi alle Säite Satisfaktioun gëtt, sou de Radiolog Frédéric Hencks.

"Wann awer elo iergendwann de Punkt kënnt wou et heescht 'mir wëlle keen Dialog mat iech féieren an et gëtt och keng Solutioun', da musse mir higoen an eise Forfait technique applizéieren. An da wäerten ebe Patienten do sinn, déi eng Zousazkeess hunn, déi sech dat da leeschten, anerer net."

Mat anere Wieder: D'Argumentatioun um Potaaschbierg ass déi hei: En Accord mat eis produzéiert keng Zwee-Klasse-Medezin, mee verhënnert se. Keen Accord géif dogéint, den hei am Land hellege Prinzip vun der identescher Versuergung fir jiddwereem, briechen. Well keen Accord bedeit: kee Remboursement vun der CNS.

D'Paulette Lenert ass net begeeschtert

Den Dokter Hencks zielt op d'Dialogbereetschaft vun der Ministeschesch a gëtt sech konziliant.

"Wa si zu eis seet: 'Déi Solutioun ass am Summer do a w.e.g facturéiert elo an der nächster Zäit just den Acte médical', da wäerte mir dat och maachen."

D'Gesondheetsministesch huet um Bord vun enger Pressekonferenz ze verstoe ginn, datt si léiwer gehat hätt, den Zenter wier net opgaangen. "Hei si Fakte geschaaft ginn" sot si.

Et wier net de Wonsch vun der Regierung alles am Gesondheetsberäich opzemaachen. Dat misst gereegelt ginn, an esou Reegelunge bräichten Zäit, sou d'Paulette Lenert.

D'Paulette Lenertplay_arrow