Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Del Water Gap And Holly Humberstone - Cigarettes & Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den neie Chef a säi Blitzableiter

Nei CSV-Parteispëtzt

Den neie Chef a säi Blitzableiter

Den neie Parteipresident Frank Engel an den neie Generalsekretär Félix Eischen hunn a Riicht Eraus hire Stil an hir Ambitioune fir d'Zukunft erkläert.

auto_stories

3 min

Den neie Generalsekretär Félix Eischen an den neie President Frank Engel waren Invité a Riicht Eraus

Den neien CSV-President Frank Engel huet eegenen Aussoen no d'Ambitioun fir bei den nächste Chamberwahle méi eng grouss Roll ze spillen. "D'Iddi fir als Spëtzekandidat bei Chamberwahlen unzetriede ass mir net komplett friem", esou de Frank Engel am 100,7-Interview.

Elo wier hie mol fir zwee Joer Parteipresident, wëll heeschen "de Chef", "de Leader". Dat géif awer strikt näischt fir déi nächst Chamberwahle vun 2023 heeschen. Et géife parteiintern Prozedure ginn an um Enn sollt de beschtméigleche Spëtzekandidat designéiert gi fir d'CSV zréck an d'Regierung ze féieren.

De Félix Eischen sot a Riicht Eraus, him géif et net em "eng éischt Rei" goen. No de flotten Erfarungen als Bezierkspresident vun der CSV-Süden hätt hie wëllen eng Hand mat upaken: Hien hätt sech nämlech geduecht, datt d'Partei Nohuelbedarf huet an der Kommunikatioun an an der Manéier, fir déi 10.000 Membere vun der Partei mat anzebannen.

Neie Stil

An der Nuecht vun de Chamberwahle vu viru gutt dräi Méint hätt hien d'Decisioun geholl fir als Parteipresident ze kandidéieren, esou de Frank Engel. Hien huet sech dëse Samschdeg um CSV-Nationalkongress mat 54 Prozent vun de Stëmme géint säi Géigekandidat Serge Wilmes duerchgesat.

De Serge Wilmes an de Frank Engel hätte sech an de parteiinternen Hearinge vum Styl hier ënnerscheet, esou de Félix Eischen. De Frank Engel géif méi eng direkt Sprooch schwätzen, déi de Fanger éischter op d'Wonn leet. Et wir dat, wat d'CSV elo bräicht.

De Frank Engel interpretéiert d'Resultat vum CSV-Kongress d'selwecht. No engem Wahlkampf, an deem d'Partei eng manner kloer Sprooch geschwat huet, hätt d'Basis wahrscheinlech geduecht: "Da musse mer et elo anescht probéieren".

Eckeg a kanteg wëll de Frank Engel sinn: Dat bedeit fir hien och d'Regierungsaarbecht kritesch ze begleeden. D'Dräierkoalitioun tëscht DP, gréng an LSAP misst domat ophalen ze maachen, wéi wann "d'CSV eleng Schold gewiescht wier un all deem Unfug, deen hei am Land geschitt ass". Déi dräi Parteie wiere keng "Säillenhelleger déi keng Feeler maachen". Hie géif dat an Zukunft an aller Däitlechkeet soen. Op d'Fro, ob de Félix Eischen sech dowéinst um CSV-Kongress als "Blitzableiter" bezeechent huet, sot hien a Riicht Eraus: "Dat ka sinn".

E Wahlrecht fir EU-Bierger?

De Frank Engel huet d'Iddi lancéiert fir e Wahlrecht bei Chamberwahle fir EU-Auslänner, déi hei am Land wunnen an déi d'Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. Dat wier e sensibele Sujet, och an der CSV, iwwer deen awer misst diskutéiert ginn. Hie wéilt fir déi Diskussioun besonnesch de leschten CSV-Spëtzekandidat an aktuellen Deputéierte Claude Wiseler abannen.

Den éischten Test fir déi nei CSV-Spëtzt ginn d'Europawahle vum 26. Mee. D'CSV huet den Ament dräi Sëtz am Europaparlament. "Ech maache kee Kramp ëm déi dräi Sëtz", esou de Frank Engel. Et wier natierlech d'Ambitioun déi dräi Sëtz ze verdeedegen.

Ob d'Viviane Reding nees matgeet, nodeems si am Summer am Europaparlament demissionéiert hat fir mat an d'Chamberwahlen ze goen, kënnen de Frank Engel an de Félix Eischen eegenen Aussoen no nach net soen. "Mir fannen dat alles eraus", esou de Frank Engel. Ob d'Viviane Reding interesséiert ass fir bei den Europawahlen ze kandidéieren, wéisst hien net.