Radioen

On air

Notturno  |  Claire Parsons - Snow In August (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den neie Jeunesse-Trainer: e richtege Personnage

Sport Aktuell

Den neie Jeunesse-Trainer: e richtege Personnage

Wann den iwwernächste Weekend d'Wanterpaus am Lëtzebuerger Fussball-Championnat op en Enn geet, an d'Réckronn ufänkt, da sëtzt bei der Escher Jeunesse en neien Trainer op der Bänk. E Fransous. 60 Joer al. En heescht Noël Tosi. An hien ass e richtege Personnage, wéi de Maurice Molitor feststelle konnt.

auto_stories

5 min

Mir hu Rendez-vous am Café op der Grenz, engem Lokal 100 Meter Loftlinn vum Jeunesse-Terrain ewech. Et ass d'Clublokal, an dat ass wierklech net ze iwwersinn. Schwaarz a wäiss sinn d'Faarwen, déi dominéieren; un de Maueren hänken Affichen, Fotoen an aner Devotionalien, déi un déi grouss Vergaangenheet vum Lëtzebuerger Rekord-Champion erënneren.

Eng Vergaangenheet, un déi den Escher Veräin esou gär nees uknäppe géif. Well datt am Lëtzebuerger Fussball d'Musek schonn zanter Joren zu Diddeleng an Déifferdeng, an neierdéngs och zu Nidderkuer a souguer zu Péiteng spillt, an - besonnesch schlëmm - och um Escher Gaalgebierg bei der Fola spillt, dat wuermt si hei gewalteg.

Den Negativtrend stoppen

Dës Saison wäert et net méi méiglech sinn, nach ëm den Titel ze spillen, mee mam neien Trainer soll den Negativtrend aus de leschte Woche virun der Wanterpaus gestoppt an ëmgedréit ginn. An den Noël Tosi huet net den Hauch vun engem Zweiwel dorun, datt dat geléngt:

"On est prêt à essayer de renverser des montagnes avec cette équipe. Et ils ont tous les symptômes de l'équipe qui va gagner. J'espère que je vais leur donner ce gros plus qui va faire qu'on va faire une deuxième partie de saison assez extraordinaire. Et ça, je le ressens. Et je suis sûr de moi. Et puis il faut avoir des certitudes. Il faut avoir des convictions. Seuls les hommes convaincus sont convaincants. Si moi je suis convaincu, j'arriverai à convaincre le groupe qu'ils vont renverser des montagnes."

Eng laang Karriär

Iwwerzeegt si vu sech, u seng eege Qualitéite gleewen: dat ass am Sport keng Arroganz, mee dat, wat een e gesond Selbstvertrauen nennt. Mee wéi kritt een dat? Dat ass d'Erfarung, seet den Noël Tosi ouni ze zécken a verweist op säi beandrockende CV als Fussball-Trainer:

"J'ai commencé tôt, j'ai été le plus jeune entraîneur-joueur français en troisième division à 23 ans, le plus jeune entraîneur d'un centre de formation à 26 (à Grenoble), et le plus jeune entraîneur d'une équipe professionnelle à 28 ans (à Grenoble aussi en Ligue 2)"

Dat war just den Ufank vun enger Trainerkarriär mat scho bal 30 Statioune bis elo, hien huet Equippen an all Eck vu Frankräich trainéiert, zweemol war hien Nationaltrainer an Afrika, fir d'éischt a Mauretanien, kuerz drop am Kongo. Dat war eng speziell Experienz:

"J'ai été viré au Congo parce qu'ils ne me payaient pas. Vous savez, l'Afrique c'est spécial. Quand on signe un entraineur deux ans, on reçoit du gouvernement tout l'argent d'un coup. Et c'est la fédération qui doit payer l'entraineur, mais la fédération a certainement répartie l'argent, ils n'ont pu me payer que six mois. Et après, comme je gagnais les matchs, ils ne savaient pas comment faire pour me virer. Et lors d'un match contre la Zambie, on a fait un match nul 0-0, et ils m'ont dit: "Non, non, vous n'avez pas écouté le ministre des sports qui vous demandait de faire un changement, donc on ne veut plus de vous." Donc en Afrique, même si on gagne, on n'est pas sûr de garder sa place longtemps. Mais c'est le folklore, c'est beau aussi."

Et war dat eng vu ganz wéinege Kéieren, wou den Noël Tosi entlooss gouf. Hie wier kee Frënd vu laange Kontrakter, seet hien. Firwat?

"La durée de vie d'un entraîneur est de dix-huit mois, en général, dans le monde entier. C'est vrai que le premier à prendre des coups, c'est l'entraîneur quand il y a des contre-performances ou des mauvais résultats. Donc pourquoi signer un contrat de cinq ans avec un club en sachant que si je perds les cinq premiers matchs, je serai en difficulté et on va quand même me virer. Et donc je vais prendre le club en otage et prendre quatre ans de salaire au club? Non. Je pense que j'ai une certaine honnêteté intellectuelle."

Dofir huet den Noël Tosi sech och emol nëmme fir sechs Méint op der Escher Grenz engagéiert. An da kucke mer, seet en. Wann et leeft, bleiwen ech gär méi laang.

En änlechen Niveau

Tëschent Ligue 2 an National - also den Divisiounen zwee an dräi a Frankräich - gesäit den neie Jeunesse-Trainer den Niveau vum Lëtzebuerger Championnat.

Dat ass den Niveau, op deem hien och a Frankräich Ekippe betreit huet. Firwat et ni fir en Job bei der absolutter Elite duergaangen ass, dozou huet den Noël Tosi eng Theorie, och wann hien zéckt, fir se zum beschten ze ginn:

"Alors il y a quelque chose dont je n'aime pas parler. J'ai écrit cinq romans policiers, j'ai écrit plus de 25 pièces de théâtre, j'ai joué dans celles-ci. Et ça, en France, ça ne plaît pas beaucoup. On dit: Ah oui, c'est un poète, c'est un saltimbanque. Et on oublie mes qualités d'entraineur pour parler un peu plus de mes qualités d'écrivain de pièces de théâtre et de littérature ... enfin littérature, c'est du polar humoristique, ce n'est pas du Baudelaire ou du Hugo ... et on oublie souvent que je suis un très bon entraîneur. Ça fait un peu peur, ça fait certainement un peu peur à pas mal de présidents."

Den Escher President Jean Cazzaro stéiert dat offensichtlech net. Si hätten direkt e gudden Drot zouenee gehat, verzielt den neie Jeunesse-Trainer. A fir datt dat méiglechst laang esou bleift, dofir si gutt Resultater déi beschte Garantie. Dofir géif hie sech am Moment ganz op de Fussball konzentréieren, seet den Noël Tosi. D'Schreiwe géif en am Moment emol si loossen.