ArcelorMittal plangt en neit Gebai fir den Haapt-Siège vun ArcelorMittal op engem Terrain vum Fonds Kirchberg. De Stolkonzern hat fir d'Konzeptioun vun dësem Gebai keng Architektebüroen hei aus dem Land invitéiert, fir Projeten anzereechen. Den Direkter vum Ordre des architectes et ingénieurs-conseil Pierre Hurt ass onzefridden, datt de Xavier Bettel keng Positioun ergraff huet. "Als Regierung hätt hie jo kéinte soen: mir sinn hei zu Lëtzebuerg, mir maachen eng oppe Kompetitioun." Den OAI wënscht sech, datt de Premier elo nodréiglech intervenéiert.
Know-How fir e klengen Tuerm aus Stol
ArcelorMittal argumentéiert, zu Lëtzebuerg géif déi néideg Erfahrung am Stolbau feelen. D'Associatioun Infosteal vu Bréissel géif och zu Lëtzebuerg all zwee Joer ee Stolbaupräis verginn, seet de Pierre Hurt. "Also den Know-How fir sou e klengen Tuerm am Stolbau ze maachen, deen ass do." Wann ArcelorMittal just ee groussen Numm fir hiert Gebai wéilt, sollt d'Firma éierlech zu där Decisioun stoen. An net mat engem falsche Pretext d'Lëtzebuerger Architekten diskreditéieren.
Et wier Schued, datt eng Entreprise wéi ArcelorMittal, mat Haaptsëtz an historesche Lienen zu Lëtzebuerg, sech net géif fir Lëtzebuergesch Architektebüroen interesséieren. Oppe Competitioune fir prestigiéis Projete wieren nämlech eng gutt Plattform fir lokal architektonesch Propositiounen. Och wann hir Projete schlussendlech net géife selektionéiert ginn.
Architektur als Nation Branding
D'Lëtzebuerger Architektur- an Ingenieurswelt géif d'Diversitéit vum Land gutt representéieren, seet de Pierre Hurt. "Mir hunn do eng Force vu Kreativitéit, déi mir wierklech gutt kënnen asetzen. An mir kënnen eist d'Land doduerch gutt duerstellen, datt mir op verschiddenen Niveaue ganz aktiv sinn."
Den OAI bedeelegt sech iwwregens un der Nation Branding Campagne vun der Regierung, well en all Geleeënheet wëll notzen, fir d'Kreativitéit vum Land ze promovéieren. Als gelongent Beispill nennt de Pierre Hurt den Exportbüro fir Lëtzebuergesch Musek a Museker music:LX.
Den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseil hofft, datt d'ArcelorMittal hir Decisioun nach ee Mol iwwerdenkt. Och d'Regierung soll sech bei dësem a bei zukünftege Projeten op ëffentlechem Terrain dofir asetzen, datt Lëtzebuerger Architektebüroen eng Chance kréien.