Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tankrabatt ass ausgelaf

Staatlech Mesure

Den Tankrabatt ass ausgelaf

Um Sprit gëtt et vun haut u kee staatlechen Tankrabatt méi. Déi Mesure, déi Enn Mäerz an der leschter Tripartite decidéiert gouf, ass gëscht ausgelaf. De Staat huet wärend 4 an engem hallwe Mount bei sengen Accisen um Sprit op 7,5 Cent verzicht fir d'Präisser ze drécken, déi wéinst dem russesche Krich an der Ukrain staark geklomme sinn. D'Mesure, déi ëmstridden ass, huet de Staat de leschte Schätzungen no 65 Milliounen Euro kascht.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat haten den Tankrabatt Enn Mäerz decidéiert, Mëtt Abrëll ass en a Kraaft getrueden. Ufanks sollt d'Mesure bis Enn Juli gëllen.

Well och Däitschland en Tankrabatt bis Enn August hat, huet Lëtzebuerg ëm ee Mount verlängert.

déi gréng waren net frou iwwer Tankrabatt

Déi Gréng hunn eegenen Aussoen no an der Regierung just zougestëmmt, well si an anere Steierfroe Géigeleeschtunge kritt hätten.

Déi jonk Gréng ware net glécklech, datt hir Mammepartei d' Verlängerung matgedroen huet. De grénge Vizepremier François Bausch hat d'Mesure géigeniwwer Reporter.lu am Abrëll scho "sënnlos" genannt.

CSV an ADR hunn e begréisst

D'CSV hirersäits huet d'Verlängerung als gréisst Oppositiounspartei begréisst. Dem Co-Fraktiounschef Gilles Roth no hätt den Tankrabatt och missen iwwer den August eraus verlängert ginn.

Och d'ADR hat sech zu enger Verlängerung an zum Tanktourismus allgemeng bekannt: d'Präisser sollten ëmmer méi niddereg sinn ewéi an de Nopeschlänner, sot den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

De Groupement Energie Mobilité, fréier Groupement Petrolier genannt, hat sech d'Mesure gewënscht fir d'Pertë bei den Tankstellen ze limitéieren.

Am Juni hat ee gefaart, datt am August de Verkaf bis zu 70 Prozent abrieche kéint, wier d'Verlängerung net komm, well de Präisënnerscheed besonnesch mat Däitschland soss net méi grouss genuch wier.

Präisser fluktuéiere vill

Gëschter ass dann och den Tankrabatt an Däitschland ausgelaf, deen am Juni agefouert gouf. Anescht a Frankräich: do gelt bis Enn Oktober eng Remise vun 30 Cent. Vu November bis Enn dëst Joer gëtt se dann op 10 Cent reduzéiert.

Onofhängeg vum staatlechen Tankrabatt ginn d'Präisser vum Sprit awer zanter Woche vill erop an nees erof: d'Präisser hänke primär vun de Fluktuatiounen op de Marchéen of.

Zanter der russescher Invasioun an der Ukrain goufen d'Spritpräisser eng 80 mol zu Lëtzebuerg ugepasst. De 95er Bensinn ass den Ament net vill méi deier wéi um Ufank vum Krich.

Anescht den Diesel: Dee Präis ass an de leschte Woche weider geklommen a läit den Ament iwwer 40 Cent iwwer dem Präis vu viru sechs Méint.