Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - Anyway The Wind Blows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tram fiert ënner reelle Konditiounen

Ëffentlechen Transport

Den Tram fiert ënner reelle Konditiounen

Zënter en Donneschdeg fiert den Tram ënner reelle Konditiounen um Kierchbierg erop an erof. Zënter Juli waren d'Testfahrten ëmmer nëmmen owes. Elo soll jidderee sech un den Tram gewinnen.

auto_stories

1 min

De Kierchbierg erop, de Kierchbierg erof, mat kuerze Stoppen op den zukünftegen Arrêten. Den Tram fiert elo op där neier Streck. D'Chauffeure misste konstant gutt oppassen, wa Leit op der Strooss ënnerwee wieren, seet d'Françoise Frieden vu Luxtram. Dowéinst hätt een elo ee gudde Mount am Viraus ugefaangen, ënner reelle Konditiounen ze testen. Et wier wichteg, datt jidderee sech kéint dru gewinnen.

Den Tram héiert een net gutt, dofir huet en als zousätzlech Sécherheetsmesure eng Schell. Wann den Tram vum Arrêt fortfiert, schellt de Chauffeur eng Kéier. "Déi Schell hu mir vum alen Tram vu Lëtzebuerg opgeholl", seet d'Françoise Frieden.

Den Tram brauch laang fir ze bremsen. Och dorop soll mat Panneauen a Luuchten opmierksam gemaach ginn. "Wann een iwwert eng Plattform vum Tram geet, da muss een ëmmer virsiichteg ginn", seet d'Françoise Frieden. Dofir géifen d'Luuchten ni gréng ginn. Si wieren entweder rout oder aus.

Luxtram géif gutt am Zäitplang leien. Et wier weiderhi geplangt, datt den Tram vum 10. Dezember u bis bäi d'rout Bréck fiert, seet d'Françoise Frieden. Luxtram huet 25 Chauffeuren. D'Halschent vun hinnen huet schonn eng Formatioun gemaach. Déi aner maache se d'nächst Woch.