Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tramsreseau gëtt weider ausgebaut

Mobilitéit

Den Tramsreseau gëtt weider ausgebaut

Aktuell fiert den Tram op enger Längt vu Ronn aacht Kilometer vun der Luxexpo um Kierchbierg bis op d'Stater Gare mat an der Moyenne vu 65.000 Passagéier den Dag. Dobäi soll et awer net bleiwen. Am Moment lafen d'Aarbechte fir den Ausbau vum Reseau op Héichtouren: an déi eng Richtung op d'Cloche d'Or an déi aner Richtung op de Findel. D'Marlène Clement war de Chantier fir eis kucken.

auto_stories

2 min

Hanner dem Tramsschapp um Kierchbierg, wou och de Siège vu Luxtram ass, gëtt aktuell un der 3,9 Kilometer laanger Streck a Richtung Findel geschafft. D'Verlängerung geet vum Rond-point Serra laanscht d'Brëtell vun der A1, virum Autosbunnskräiz mat der A7 wäert den Tram dann iwwer eng nei Bréck fueren.

Dës Bréck, déi 108 Meter laang an aacht Meter héich gëtt, soll en Aart Signatur fir an d'Stad era ginn, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram. D'Aarbechte fir d'Bréck hunn am Januar ugefaangen.

Hie geet dovunner aus, datt d'Struktur vun der neier Bréck Enn vum nächste Joer fäerdeg sollt sinn. Ufank 2024 kommen dann d'Schinnen op d'Bréck an Enn 2024 sollen déi éischt Passagéier kënne mam Tram bis op de Findel fueren. Well tëschent der Luxexpo an dem Findel nëmmen zwee Arrête sinn, kann den Tram op där Streck mat bis zu 70 km/h fueren a brauch dofir ronn siwe Minutten.

Bouneweg: Éischt Pas am September

Och an déi aner Richtung lafen d'Aarbechten op Héichtouren. D'Aarbechte fir d'Verlängerung a Richtung Bouneweg sinn an der Schlussphas, seet den André Von der Marck.

Am Summer sollen déi éischt Tester sinn, am September sollen dann déi éischt Passagéier hei den Tram kënnen huelen. Et wier een aktuell am Zäitplang an och d'Käschte géife respektéiert ginn.

Den André Von der Marck begréisst, datt den Tram sech an nëmmen e puer Joer zu engem feste Bestanddeel vun der nationaler Mobilitéitsoffer entwéckelt huet.

Weider Etappen

Am Hierscht 2023 geet et da weider Richtung Cloche d'Or mam neien Terminus beim Stade de Luxembourg. D'Streck féiert vu Bouneweg weider iwwer de Rangwee d'Rue de Scillas erop. Och hei lafen d'Aarbechte schonn, confirméiert eis de Robert BIEL, Responsabel vun der Division des Travaux Neufs vun der Stroossebauverwaltung.

Bis 2035 soll den Tramsreseau nach weider ausgebaut ginn. Am Plan de mobilité national 2035 geet rieds vu véier weideren Tracéen, viséiert ginn déi nei Wunnquartieren "Nei Hollerech" a "Kuebebierg", mee och eng nei Streck, déi iwwer d'Areler Strooss féiert bis bei den CHL, an e séieren Tram fir d'Stad Lëtzebuerg mat der Stad Esch ze verbannen.