D'Wëssen aus der Fuerschung bündelen, fir d'Corona-Pandemie hei am Land anzedämmen: Dat ass een Zil vun engem neien Aarbechtsgrupp, an deem Chercheure vun der Uni an aneren ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen hei am Land vertruede sinn.
Zu den Aufgabe gehéiert och fir Previsiounen ze maachen, wéi vill Mënsche sech hei am Land wäerten ustiechen, oder wéi vill Better an de Spideeler fir Covid19-Patiente mat Komplikatioune gebraucht ginn. Wéi eng Zenarioen d'Wëssenschaftler genee berechent hunn, gëtt een op Nofro hi leider net gewuer - de Gesondheetsministère wëllt d'Kontroll iwwer d'Kommunikatioun vun dësen Zuele behalen.
Verschidden Zenarioen
Mee wéi si schaffen, a wat fir eng Donnéeë fir hir Berechnunge relevant sinn - doriwwer konnte mir mam Rudi Balling an dem Alexander Skupin vun der Uni Lëtzebuerg schwätzen.
De Rudi Balling erkläert:
"Wat mir am wesentlechen de Gesondheetsautoritéiten zur Verfügung stellen, sinn Zenarioen: 'Best case, most likely case, optimistic case, implausible case ...' An do leeë mir dann déi aktuell Donnéeën driwwer, an da kann ee gesinn, a wéi eng Richtung et geet, an een Trend viraussoen. An der Reegel sinn den absolut 'worst case' an den absolut 'optimistic case' d'Limitte vun den Zenarioen. Mee just esou kann een d'Plausibilitéit beurteelen a konstant gesinn: 'Wou beweege mir eis an deem Korridor?'"
Et géifen zwee Schwéierpunkte ginn, erkläert de Physiker vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine op der Uni Lëtzebuerg, den Alexander Skupin:
"Dat eent ass d'Observatioun vun der aktueller Situatioun an d'Viraussoen dovunner, wat op de Gesondheetssystem duerkënnt. En den anere Schwéierpunkt ass dann d'Prognos, wéi mir nees an d'Normalitéit kënnen zeréckfannen."
Et sinn an der Lescht weider Infektiounsfäll bäikomm, mee wéinst de Social-Distancing-Mesurë géif et keng "exponentiell Explosioun" méi, esou den Alexander Skupin. Trotzdeem wier kloer, datt et eng Verzögerung gëtt, bis sech bei de Patienten d'Komplikatioune vun der COVID19-Krankheet manifestéieren: "Den Tsunami an de Spideeler steet nach bevir."
Wéini fanne mir zeréck zur Normalitéit?
Fir d'Prognos iwwer eng méiglech "Exit-Strategie" kënnen ze maachen, wier et engersäits ganz wichteg, datt duerch Antikierperteste festgestallt gëtt, wéi vill Leit elo schonn eng Immunitéit géint den neiaartege Coronavirus opgebaut hunn. Den Alexander Skupin erkläert:
"Wa mir den Immunzoustand vun der Bevëlkerung ofschätze kënnen, och speziell fir bestëmmte Persounegruppen, da kënne mir gesinn, wien nees zur Normalitéit zeréck fanne kann. Dat wier natierlech essentiell fir nees aus dësem Lockdown erauszekommen."
Schonn dës Woch géifen éischt Etüde starten, esou den Alexander Skupin.
Et wieren awer och nach technesch Froen ze klären, ergänzt de Rudi Balling: d'Antikierpertester géifen elo weltwäit entwéckelt ginn, an da misst een nach dofir suergen, datt se wierklech a grousser Zuel séier kéinte realiséiert ginn: "Ech mengen dat dauert nach, mee mir kënne versichen am Virfeld schonn eis virzebereeden, datt mir, wann déi Zuele bis do sinn, just nach ee Knäppche mussen drécken an der Simulatiounsmaschin."
Back-Tracing vun Infizéierten
Da wier et fir Prognosen iwwer eng méiglech "Exit-Strategie" och wichteg ze wëssen, wéi eng infizéiert Persoun sech deplacéiert. De Back-Tracking vun Handydonnéeë géif erméiglechen ze gesinn, mat wiem eng infizéiert Persoun alles a Kontakt war: Dat wier dofir "essentiell", esou den Alexander Skupin. Déi Diskussioun géif elo schonn a ville Länner geféiert ginn, mee dat wier eng sensibel Fro, iwwer déi d'Politik misst tranchéieren, esou de Rudi Balling. Hie géif mengen, déi Informatioune wieren zu dësem Zäitpunkt an och spéider nach relevant.
Verschidde geographesch Donnéeën hätt de Statec schonn, an déi sollen och Deel vun der Analys am Aarbechtsgrupp ginn.