Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denkmalschutz an Demokratie

Fräie Mikro

Denkmalschutz an Demokratie

Et gëtt näischt, wat d'Demokratie méi bedrot, wéi d'Desinformatioun vum Bierger an de Mangel un Transparenz, wann et ëm politesch Decisioune geet, mengt den Denis Scuto, Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH).

auto_stories

3 min

Den Denis Scuto ass Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH). Foto: Archiv

Virun e puer Wochen hat ech an engem Fräie Mikro op dëser Antenn gesot, et dierft ee gespaant sinn, ob e weidert eenzegaartegt industriellt Gebai wéi d'Keeseminnen zu Esch dës Kéier mat Zäite klasséiert an domat en Zeeche géint de bauleche Vandalismus zu Lëtzebuerg gesat gëtt.

Ee Symbol fir d'Geschicht ...

D'Keeseminne vun der fréierer Terre rouge-Schmelz, 1907 vun der Firma Züblin vu Stroossbuerg gebaut, hat ech als Symbol fir den Ëmgang mat Industriekultur ernimmt. Well et net nëmmen ee vun de gesetzleche Krittären erfëllt, déi duer gi fir als Monument klasséiert ze ginn, mee bal déi ganz Dose Krittären, déi am Gesetzesprojet zum Denkmalschutz, dee gläich gestëmmt gëtt, virgesi sinn.

D'Keeseminne sti fir d'Geschicht vun der Ingenierie an der Architektur, fir d'Industrie-, fir d'Sozial-, fir d'Technikgeschicht. Si gehéieren zum lokalen an nationale Paysage zanter méi wéi 100 Joer. Si sinn e Lieu de Mémoire. Et j'en passe ...

... an den Net-Respekt vun der Demokratie

Mee wat ech deemools net geduecht hätt ass, datt d'Keeseminnen e Symbol géife gi fir Demokratie, oder besser gesot den Net-Respekt vun der Demokratie an engem vun hire Grondrechter: dem Bierger säi Recht op Informatioun an Transparenz.

Et ass net ze gleewen: D'Bierger kruten de 15. Februar 2020 vum Bauteschäffe Martin Kox iwwer d'Press matgedeelt um Site vun Terre rouge géif net ofgerappt, mee just Asbest sanéiert ginn. Besonnesch d'Keeseminne géifen net ofgerappt ginn.

D'lescht Woch gouf ugefaange grad dës fréier Industriegebaier ofzerappen. Ouni d'Bierger vun Esch oder vum Grenzer/Hiehler Quartier am Virfeld doriwwer ze informéieren. Ouni mol eng Levée vun de Gebailechkeeten ze maachen.

Ligen an Desinformatioun

Dee selwechte Martin Kox, mee och den André Zwally behaapten haut an der Press, et hätt kee sech fir d'Keeseminnen interesséiert an hinnen dovu geschwat. An de Comptes rendus vun de participative Workshoppen iwwer de Projet Rout Lëns, déi virun iwwer engem Joer - jo engem Joer - a Presenz vu Kox an Zwally zu Esch stattfonnt hunn, an déi de Promoteur Eric Lux selwer mat der Gemeng verëffentlecht huet, gëtt net manner wéi fënnef Mol op d'Wichtegkeet vun de Keeseminnen an hir eventuell Ëmnotzung higewisen.

D'Keeseminnen si mëttlerweil effektiv e grousst Symbol ginn: Symbol fir Ligen an Desinformatioun. Mam Zil Bierger viru Faits accomplis ze setzen op engem Areal, fir dee bis elo weder PAP nach Masterplang besteet a wou eng Prozedur vu Classement vun den historesche Gebaier als Denkmal leeft.

Wann ee bedenkt, datt virun net all ze laanger Zäit e Buergermeeschter huet misse säin Hutt huelen, ënner anerem wéinst engem klenge Gaardenhaischen. Erlaabt mer dofir de Schrëftsteller Bertolt Brecht hei ze paraphraséieren: "Unsichtbar wird der Betrug am Bürger, wenn er genügend große Ausmaße angenommen hat."


Den Denis Scuto huet en oppene Bréif mat ënnerschriwwen, an deem en direkte Stopp vun der Demolitioun vun de Keeseminne gefuerdert gëtt.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.