Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denkverbuet

Fräie Mikro

Denkverbuet

D'Discoursen iwwer déi wëssenschaftlech, politesch a moralesch Aspekter vun der Pandemie schéngen ëmmer op déi nämmlecht simplistesch Alternativ erauszelafen: Entweeder et acceptéiert een alles, wat vun offizielle Plaze gezielt gëtt, oder et gëtt een als Verschwörungstheoretiker ofgestempelt. Dat mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Wann ee schonn eppes sécher vun der aktueller Corona-Kris zeréck hale kann, dann ass et, op där enger Säit, d'Komplexitéit vun den wëssenschaftlechen, politeschen, moraleschen a gesellschaftleche Problemer déi se mat sech bréngt. A wat op der anerer Säit och opfält, sinn déi simplistesch Discourse mat deenen déi Kris vereinfacht gëtt.

Hei schéngt bal alles op einfach moraliséierend Dichotomien eraus ze lafen wéi: dofir/dogéint, gutt/schlecht, wëssenschaftlech/verschwörungstheoretësch, a sou weider.

D'Argumentatiounstheorie nennt esou eng Prozedur en "falschen Dilemma". E falschen Dilemma besteet doran eng komplex Problematik op zwou einfach Alternativen ze reduzéieren.

En net erfonnte Beispill: entweder du bass mat d'accord mat allem wat d'Regierung elo fir eis decidéiert, oder du bass en onverantwortleche Verschwörungstheoretiker.

Falschen Dilemma a Stréimannargument

Esou e falschen Dilemma geet och gär mat engem Stréimann-Argument zesummen. D'Stréimann-Argument, besteet doran, engem argumentative Géigner esou eng extreem, an offensichtlech falsch Positioun ze ënnerstellen, datt et liicht schéngt hien ze widderleeën.

Beispill (net erfonnt): wien net all Verbuet, an net all Reegel als richteg a verhältnesméisseg akzeptéiert, dee wëllt also eng post-apokalyptesch Virus-Anarchie.

Op d'Spëtzt gedriwwe ginn esou rhetoresch Tricke gäre vun eiser staatlech finanzéierter ëffentlecher Privat-Meenung: vun RTL.

An enger Emissioun vum 30. Juni iwwer déi national Verschwörungstheorien, ginn dofir gläich nach maskéiert Experte vun der Literatur- an Psychologie-Fakultéit vun der Escher Universitéit an Zeen gesat. Kritik un den offensichtlech paternalisteschen an autoritären Tendenze vun eiser Regierung ginn hei onbekëmmert mat Verrécktheet a simplisteschstem Rietsextremismus a Verbindung bruecht.

Dat wier dann och nach déi drëtt geleefeg rhetoresch Technik fir Kritik ze disqualifizéieren: d'Schold an d'Wourecht duerch Associatioun. Wien esou Saache seet, wéi e Paranoiden, oder wéi e Rietsextreemen, dee muss jo geféierleche Blödsinn verzapen. A wann de "Professer Dokter" dat dann och nach indirekt bestätegt, dann dierft wuel kee mat gesondem Mënscheverstand nach dorun zweiwelen.

Totalitär Attitüd

Net nëmme fir den Nationbranding, mee och fir déi wëssenschaftlech Vollekslenkung - wéi ee vun den zwee RTL-Experten dat am Mäerz schonn offiziell proposéiert huet - soll eis Uni gutt sinn. Esou kann ee liicht verstoen, firwat kompetent Politiker an hir ministeriell Juristen op d'Iddi kommen, per Gesetz d'Zwangs-Psychiatrie fir politesch Dissidenten erëm anzeféieren.

Fazit: wann all Differenzéieren, wann all Kritiséieren zum Unzeeche vu Rietsextremismus oder zum Symptom vun enger Geeschteskrankheet gëtt, da si mer effektiv bei där totalitärer Attitüd ukomm, déi déi scheinbar Verschwörungstheorië mat Recht bekloen.

Wat hei déi eng mat Pseudo-Theorien iwwer Manipulatioun duerch Elitten ze formuléiere versichen, schéngen déi aner scho professionell, mat de Mëttele vum regierungskonforme Groussbetrib ze praktizéieren.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.