Am Europaparlament gouf deels héich emotional iwwer d'Propos vun der Kommissioun fir een europäesche Mindestloun debattéiert. De Rapporter Dennis Radtke, Europadeputéierte vun der däitscher CDU, gouf an den interne Reie schaarf kritiséiert.
Zwar huet sech um Enn mat 443 Jo-Stëmme par rapport zu 192 Nee-Stëmmen eng grouss Majoritéit hanner seng Propose gestallt, de Gros vun de Parteikolleege vum Dennis Radtke awer hunn dogéint gestëmmt. Si stelle sech hanner d'Kritik vum däitsche Patronat, dat seet, déi Direktiv géif d'Tarifautonomie vun de Sozialpartner ugräifen.
Skandinavesch Oppositioun bleift
Déi Positioun wier net vun den Rechtsdéngschter vun den EU-Institutioune confirméiert ginn, äntwert dorop den Dennis Radtke. Hie géif sech trotzdeem net isoléiert fillen, well um Enn jo eng grouss Majoritéit fir säi Rapport gestëmmt hätt, sou den CDU-Politiker am 100,7-Interview.
Skeptesch si bis um Schluss och eng ganz Partie Europadeputéiert aus Schweden an Dänemark bliwwen. Hien hätt vill Gespréicher gefouert, hätt si awer net iwwerzeege kënnen, sou den CDU-Politiker.
"Die Rechtsdienste von Parlament, Kommission und Rat bestärken uns darin, dass wir nicht in bestehende Systeme eingreifen. Ich habe in den letzten Monaten viel Zeit und Energie in Gesprächen mit Vertretern der skandinaveschen Ländern auf der Ebener von Botschaften, Regierungsmitgliedern und Gewerkschaften gesteckt. Am Ende war die Überzeugungsarbeit jedoch leider erfolglos."
Nom Vott am Parlament ass de Wee fräi fir d'Verhandlungen tëscht dem Parlament an de Memberlänner. D'Positioune leien deels wäit auserneen.
D'Europaparlament setzt sech beispillsweis fir däitlech méi héich Ziler bei de Kollektivverträg an. D'Parlament hätt gären, datt dee Prozentsaz op 80 eropgesat gëtt. D'Parlament wëllt och d'Krittären, fir de Mindestloun ze berechnen, erweideren.
Verhandlunge kéinten zéi ginn
Proposéiert gëtt kee Mindestloun, dee fir all d'EU-Länner gëllen soll. Et soll vill méi de Kader gesat ginn, fir eng ënnescht Limitt vu Léin. Contraignant ass dee Kader awer net fir d'Memberlänner. Trotzdeem géif een hei dem Prinzip vun enger sozialer Maartwirtschaft méi no kommen, fënnt den Dennis Radtke.
"Mittelpunkt dieser Richtlinie ist die Frage der Tarifbindung. Wir schlagen dafür eine Zielmarke von 80 Prozent vor. Erreicht ein Mitgliedsland diese Marke nicht, dann muss es einen Aktionsplan vorlegen darüber, welche Massnahmen es zu ergreifen gedenkt, um diesen Schwellenwert zu erreichen. Das wäre ein echter Game Changer mit Blick auf die soziale Martkwirtschaft."
D'Memberlänner wäerten den nächste Méindeg hir Positioun offiziell unhuelen. Dono kënnen dann d'Verhandlungen am sougenannten Trilog ufänken.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.