Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deputéiert an hirer Kontrollfunktioun gestäerkt

Affär ëm Srel-Ecoute

Deputéiert an hirer Kontrollfunktioun gestäerkt

An engem Bréif un 172 Ambassaden an un de Conseil de l'Europe kritiséiert d'ADR, d'Regierung hätt den Deputéierte Gast Gibéryen wëllen zwéngen, seng Sourcen ze reveléieren. Hannergrond ass d'Affär ëm eng Srel-Ecoute, wéinst där de Gast Gibéryen inculpéiert gouf. D'Poursuitte goufen awer virun annerhallwem Mount fale gelooss. Am Bréif, deen eis virläit, schreift d'ADR, d'Lëtzebuerger Regierung wier hypokritesch. Se géif op internationalem Plang als Defenseur vun de Grondrechter optrieden an heiheem d'Rechter vum Parlament an den demokratesche System net respektéieren.

auto_stories

4 min

Viru méi wéi zwee Joer hat de Gast Gibéryen Informatiounen iwwer eng méiglecherweis illegal Ecoute vum Geheimdéngscht kritt. Hie wier awer net politesch aktiv ginn, well hie keng Beweiser hat, sou den ADR-Deputéierten.

De Gast Gibéryen war vum Untersuchungsriichter ugeklot ginn: Den Deputéierte well hien Informatiounen iwwer d'Srel-Ecoute hat an den Informant oder d'Informanten, well si géint hiert Beruffsgeheimnis verstouss hätten. Seng Source huet den ADR Deputéierten awer net verroden, hien huet sech op seng parlamentaresch Immunitéit beruff. Dat sot de Gast Gibéryen op enger Pressekonferenz viru ronn dräi Wochen. Wann d'Deputéiert hir Informante géifen nennen, géife si keng Informatioune méi kréien a kéinten déi duerch d'Verfassung festgehale Kontrollfunktioun vum Parlament iwwer d'Regierung net méi exercéieren.

Op deem Punkt krut de Gast Gibéryien vun der Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel Recht. Déi hat virun annerhallwem Mount decidéiert, datt déi juristesch Prozedure misste fale gelooss ginn, well dem Deputéierte seng Immunitéit effektiv och an dësem Fall géif gëllen. Dem Affekot Frank Wies no, huet déi Decisioun Jurisprudenz-Charakter, well se géif soen, datt en Deputéierte fir seng Aarbecht kënnen ze maachen, op esou Informatioune muss kënnen zeréckgräifen, ouni mussen ze fäerten, datt en dowéinst poursuivéiert gëtt.

Dat wier ähnlech, wéi de Journalisten hire Quelleschutz, ouni dee villes wuel net géif opgedeckt ginn, sou nach den Affekot. Och fir den Alex Bodry ginn duerch d'Uerteel d'Rechter vun den Deputéierte gestäerkt. "Wéi ech elo dozou stinn, datt den Untersuchungsriichter gemengt huet, hie misst elo en Deputéierten do ukloen, dat ass eng aner Geschicht. Et ass ëmmer ganz kriddeleg, wann d'Justiz en Deputéierten uklot. Mee dat mécht awer och net aus dem Gast Gibéryen en Hellegen", sou den LSAP-Deputéierten.

Huet de Premierminister géint d'Gesetz verstouss?

Mee fir d'ADR, an aner Oppositiounsparteien,werft dës Affär och politesch Froen op, seet de Gast Gibéryen:

"Hei huet e Staatsminister selwer géint d'Gesetz verstouss, wéi hien déi illegal Ecoute net beim Parquet denoncéiert hat."

D'Erklärung vum Staatsministère a vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun war a bleift: Et wier en administrative Feeler vum SREL gewiescht, ouni Intentioun. D'Donnéeë vun der Ecoute wiere geläscht ginn, an déi zoustänneg Chamberkommissioun an d'Magistraten-Kommissioun, déi Ecoutte musse guttheeschen, informéiert ginn. De Xavier Bettel seet an enger schrëftlecher Stellungnam, déi mir op Nofro hi vun him kruten:

"Et sief ënnerstrach, datt d'Chambre du Conseil och a posteriori decidéiert huet, deem keng Suitten ze ginn. Dat ënnersträicht déi initial Appreciatioun, datt et kee Fait war, deen hätt missen eng Plainte matsechzéien."

Mee d'ADR behaapt an hirem Bréif un d'Ambassade an de Conseil de l'Europe och, de Premier hätt probéiert, de Gast Gibéryen ze zwéngen, seng Sourcen ze relevéieren. Op der Pressekonferenz, wou hie seng juristesch Victoire annoncéiert hat, huet de Gast Gibéryen an deem Kontext vun SMSe geschwat, déi de Premier him geschéckt hätt. Hie koum zeréck op eng Sëtzung vun der Chamber-Kommissioun, den 22. Mäerz 2017, wou hien dem Premier sot, hien hätt schonn iwwer d'SREL-Ecoute Bescheed gewosst. "Hien huet mir Merci fir d'Informatioun gesot a gefrot, ob ech him d'Nimm vu mengem Informant oder Informante kéint ginn", sou de Gast Gibéryen.

Duerno, deeselwechten Dag, hätt hien SMSe vum Premier kritt. Eng éischt, an där de Premier hien informéiert hätt, datt hien der Direktesch vum Srel, der Doris Woltz, d'Informatioun vum Gast Gibéryen misst viruginn, fir datt si eng Plainte géint X kéint maachen.

De Xavier Bettel huet den ADR-Deputéierten och gefrot, d'Nimm vun de Beamten ze ginn, déi him d'Informatioun ginn hunn. A senger SMS schreift de Premier, datt hien déi Informatioun fir den Dag drop um 9 Auer moies géif brauchen.

déi Lénk: Xavier Bettel an Doris Woltz musse sech an enger Chamberkommissioun erklären

Fir déi Lénk ass et eng Staatsaffär - dat hunn si ufanks Juli an engem Communiqué geschriwwen. De Premierminister hätt sech net neutral verhalen, mee sech op d'Säit vum Geheimdéngscht gestallt, seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

Do dobäi kënnt, datt, am Kader vun der Enquête, Telefonsappeller vum Gast Gibéryen retracéiert goufen. Et ass also kontrolléiert ginn, wien him iwwer e puer Wochen ugeruff huet, respektiv, wien hien ugeruff huet, seet de Gast Gibéryen.

Et wier erschreckend, wat alles géif gemaach ginn, "fir en Deputéierten och zum Deel e bëssen ze intimidéieren", seet de Gilles Roth.

De Marc Baum vun déi Lénk mengt dofir "datt mir net dolaanscht kommen, datt d'Madamm Woltz sech an eng Chamberkommissioun erkläre muss kommen. A mat Sécherheet och den Här Bettel".