Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deputéiert kritiséieren d'Verhale vu Spidols-Verwaltungsréit

GROUP HRS

Deputéiert kritiséieren d'Verhale vu Spidols-Verwaltungsréit

Vill Deputéiert, ënner anerem aus der Gesondheetskommissioun, gesinn d'Affär ronderëm déi fréizäiteg Impfunge vun der Verwaltungsrotspëtzt vun den Hopitaux Robert Schuman kritesch. Si selwer hätte sech net impfe gelooss wann et net un hirem Tour gewiescht wier.

auto_stories

4 min

Et wier wichteg datt d'Regierung hir Impfstrategie sou anhält, wéi dat geplangt ass, fënnt den CSV-Deputéierte Marc Spautz. Et kéint net sinn, datt bestëmmte Gruppen eng Bevirdeelegung géife kréien, esou de Member vun der Santéskommissioun ouni spezifesch de Fall vum HRS ze nennen.

"Et schéngt mir logesch ze sinn datt bei den Impfzentren an do wou d'Impfunge verdeelt ginn, och déi Leit sech sollen un déi Prozeduren halen déi festgehale goufen. Wann do déi eng Klasse sech virun déi aner stellen, dat wier net gutt. Da wier dat e schlecht Zeeche fir eis Demokratie an och no baussen. Mir hu fest gehale fir d'éischt d'Personal aus dem Santésberaich an aus den Altersheemer. An da sollt een do och keng Verschibunge fir huele fir déi eng oder aner ze bevirdeelegen."

Piraten: D'Affär dierf net ouni Konsequenze bleiwen

Den Deputéierte vun der Pirate-Partei Sven Clement geet méi wäit. Deen eenzegen éierlech Wee fir Anstand a Moral ze halen, wier dem Oppositiounspolitiker no d'Demissioun vun den dräi Membere vum Verwaltungsrot. De Sven Clement fuerdert Konsequenzen. Wa ganz am Ufank vun der Situatioun eng éierlech gemengten Entschëllegung komm wier, "dann hätt een dat kéinte clôturéieren." Elo bräicht een awer méi staark Konsequenzen:

"Et dierf een net vergiessen datt d'Fondatioun Robert Schuman sech awer zu engem Deel duerch staatlech Gelder finanzéiert an duerch sou e Virdrécke vun engem CA, deen op kenger Impfprioritéitelëscht steet, dat dierf net ouni Konsequenze bleiwen. Wat déi Konsequenze si muss all Member fir sech entscheeden, mee just als titre d'information, am Ausland si Leit wéinst vill manner zeréckgetruede vun hire Posten."

An enger parlamentarescher Ufro froen d'Piraten d'Gesondheetsministesch ënner anerem, wéi de Staat kontrolléiert, datt keng Leit geimpft ginn, déi deen Ament net virgesi sinn. An op dat engem Vol vu Staatsbesëtz entsprécht wann eng Persoun sech impfe léisst obwuel se net um Tour ass.

Vun engem moralesche Point de Vue wieren déi fréizäiteg Impfungen net ze vertrieden esou d'ADR op Nofro hin. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum nennt d'Affär e grousse Skandal. De Politiker géif sech wënschen datt d'Regierung sech Strofen an esou Fäll iwwerleet:

"Et ass jo awer e bësse geckeg, datt deen, deen um véierel op 11 dobaussen nach ouni säin Hausdéier en Tour trëppele geet muss eng Strof vun 300 Euro bezuelen. An hei si Membere vum Verwaltungsrot vun engem Spidol déi wëssentlech sech selwer e Virdeel verschafen a géint Bestëmmunge verstoussen, an déi sollen dann einfach sou dovu kommen. Dat ass dann awer schwéier ze erklären."

Ass méi Flexibilitéit bei der Impfung néideg?

De President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo hätt et op Nofro hin net esou gemaach wéi d'Membere vum Verwaltungsrotbüro. Dem LSAP-Politiker no misst deen, deen d'Decisioun geholl huet déi dräi Leit ze impfen och dofir gerued stoen.

Als onglécklech bezeechent d'DP-Deputéiert Carole Hartmann de Fall. Et wier wichteg, eng gewëssen Prioritéit ze respektéiren.

D'Josée Lorschée gesäit dat e bëssen anescht. Déi Gréng Deputéiert versteet, datt d'Spidol d'Spëtzt vum Conseil d'Administration wollt schützen. Si géif souwisou fir méi Flexibilitéit bei den Impfunge plaidéieren, fir "villäicht och méi speziell an engem Haus, jiddereen deen do ënnerwee ass ze impfen."

D'lescht Woch hate mir gemellt, datt dräi Membere vum Verwaltungsrot, de President Jean-Louis Schiltz an d'Vizepresidente Michel Wurth a Claude Seywert, géint Covid-19 geimpft goufen, obwuel d'Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler dem Gesondheetsministère no réischt um Enn vun der zweeter Phas sollen un d'Rei kommen.