De Sven Clement hat Klo um Verwaltungsgeriicht agereecht, nodeems de Xavier Bettel refuséiert hat, de ganze Konzessiounsvertrag an der Kommissioun oppen ze leeën. De Chamberdeputéierte vun der Piratepartei hat dat gefrot, fir kënnen ze kontrolléieren, ob RTL no hirem Restrukturéierungsplang 2019 nach d'Konditioune géif erfëllen, déi am Kontrakt tëscht dem Staat an RTL stinn. An éischter Instanz hat d'Verwaltungsgeriicht decidéiert, de Vertrag misst net gewise ginn.
De Sven Clement schwätzt an enger éischter Reaktioun vum "beschtméigleche Resultat", wat ee sech hätt kënnen erwaarden. D'Urteel géif d'Kontrollfunktioun vum Parlament vis-à-vis vun der Regierung stäerken an et géif weisen, datt och een eenzelen Deputéierte kéint Kontraker froen an déi dann och vun der Regierung misst gewise kréien.
De Pirat gesäit doran e wichtege Prezedenzfall, deen der Oppositioun am Parlament méi Pouvoir géif ginn, nieft der Méiglechkeet vun enger Enquete-Kommissioun. Eng Confidentialitéitsklausel kéint an Zukunft net méi als Grond ugefouert ginn, fir engem Deputéierten e Kontrakt virzeenthalen.
Hien dierft an enger éischter Phas net ëffentlech kommentéiere wat am Text genau dra steet, sou de Sven Clement, mee falls sech déi staark Doutten, déi et iwwer den tatsächlechen Ancrage vun RTL zu Lëtzebuerg gëtt, fir hie géife confirméieren, da wier et seng Flicht, fir eng Plainte ze maachen.
Hie géif seng Demande un de Staatsministère elo nach emol reformuléieren a pocht drop, fir de Asiicht an de Contrat d'ancrage ze kréien, sou de Sven Clement.
An dësem konkrete Fall, geet de Sven Clement dovun aus, datt och déi aner Membere vun der Chamber-Mediekomissioun eng Demande wäerte formuléieren fir Asiicht an de ganze Konzessiounsvertrag, inklusiv dem sougenannte Contrat d'ancrage ze kréien.