Hëllef vu Schüler aus der Policeschoul "Der Vakanz am Mëllerdall steet näischt am Wee"

Ufank Juni sinn duerch déi schlëmm Wiederen am Mëllerdall grouss Schied entstanen. Besonnesch schlëmm betraff goufen d'Wanderweeër awer och Brécken, déi virun allem an de Summerméint vill Touristen unzéien. Fir d'Weeër erëm opzebauen gouf vill Hëllef ugebueden. Elo hunn och 82 Schüler aus der Policeschoul mat ugepak.

Tessy Steffen Koenig / cz

Policeschüler hëllefen am Mëllerdall 1
Policeschüler hëllefen am Mëllerdall

Den 1. Juni ass an der Regioun Mëllerdall en Etat des Lieux gemaach ginn. Hei wier no de schlëmme Wiedere festgestallt ginn, datt een Drëttel vun den am ganzen 145 Weeër an der Regioun huet misse gespaart ginn, seet d'Sandra Bertholet. Si ass Gestionnaire vum Office du Tourisme vun der Regioun Mëllerdall.

Iwwert déi lescht sechs Wochen konnten duerch d'Opbauaarbechten ëmmer erëm Weeër opgemaach ginn. Den Ament sinn nach néng Weeër gespaart, dat mécht ongeféier sechs Prozent vum Weeër-Netz am Mëllerdall aus. 111 Weeër sinn erëm komplett op an eng 25 Weeër sinn duerch Deviatioune begehbar.

Immens vill Hëllef kritt

Vun Ufank un hätt ee ganz vill Hëllef ugebuede kritt, ënner anerem vum Service de l'Entraide CNDS, vun de Fierschteren aus der Regioun oder vun de Gemengen. Och den Aarbechtsminister Nicolas Schmit hätt bei de Beschäftegungsinitiativen en Opruff gemaach. Eng lescht grouss Aktioun war elo e Méinden an en Dënschden.

"D'Wanderweeër mussen elo an der Haaptsaison erëm begehbar sinn", seet d'Sandra Bertholet vum ORT Mëllerdall

82 Schüler aus der Policeschoul hunn gehollef, d'Wanderweeër fir d'Touristesaison erëm opzebauen. Si hu laanscht d'Haupeschbaach geschaaft, vis-à-vis vum Beeforter Schlass laanscht d'Schlassweieren.

"Hei si vill flott Fielsen a ganz schmuel Weeër. Mat Maschinne kënnt een also guer net dohinner, fir d'Material ze transportéieren oder do ze schaffen. Et war also ganz flott, datt mer esou vill Aarbechtskraaft haten", seet d'Sandra Bertholet vum ORT Mëllerdall.

A Rekordzäit erëm opgebaut

Déi al Brécken konnten op déi Manéier séier of- an erëm opgebaut ginn. D'Material hunn d'Schüler aus der Policeschoul dann zu Fouss op d'Plaz bruecht.

"Dat ass an Zäit vun zwee Deeg geschitt an dat war wierklech eng wonnerbar Saach, well anescht hätte mer dofir vill méi laang gebraucht", esou d'Sandra Bertholet vum ORT Mëllerdall.

An de Méint Juni, Juli an August ginn zum Beispill op de Campingen am Mëllerdall dräi Véierels vun den Iwwernuechtungen am Joer realiséiert. "Et wichteg ass, datt fir d'Summerméint d'Infrastruktur an der Rei ass", seet d'Sandra Bertholet. Et wier elo ganz vill geschafft ginn an et kéint ee seng Vakanz am Summer am Mëllerdall plangen. "Deem steet näischt am Wee", esou d'Gestionnaire vum ORT Mëllerdall.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Haus Greiweldeng (no Héichwaasserschued)
Héichwaasser zu Greiweldeng: sechs Wochen duerno

Ronn 30 Haiser zu Greiweldeng ware vum Héichwaasser den 1. Juni betraff. D'Waasser stoung deelweis annerhallwe Meter héich an den Haiser. Wochen no der Katastroph wier d'Ongewëssheet mat dee gréisste Problem.

Mëllerdall Schued u Wanderweeër
Suite vun Iwwerschwemmungen

Gespaarte Stroossen a Wanderweeër, déi net praktikabel sinn: Bäerdref plot sech mat de Konsequenze vun den Onwiederen am Mëllerdall. Hoteller a Campingen fäerten, datt manner Touristen an d'Regioun kommen.

Futtis Autoen
Héichwaasser

An deene Regiounen, wou et d'lescht Woch Iwwerschwemmunge gouf, gëtt nach ëmmer opgeraumt. Déi betraffe Leit sollen sech elo bei hirer Assurance mellen, fir z'evaluéieren, wéi se kënne rembourséiert ginn.

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser 1. Juni 2018

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Een Iwwerbléck, Hannergrondinformatiounen a Reaktiounen.

Musel.jpg
Héichwaasserrisikomanagementplang

Déi aktuell Héichwaasser-Situatioun kéint statistesch gesinn all zwee Joer esou virkommen, seet d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt. D'Situatioun wier deemno "guer näischt Aussergewéinleches".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen