Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Der Wirtschaft geet et gutt"

Stabilitéits- a Wuesstums-Programm

"Der Wirtschaft geet et gutt"

Tëschent 2018 an 2021 sollen d’Recettë vum Gesamtstaat méi staark wuessen ewéi d’Depensen. 2016 an 2017 ass dat anescht, och wéinst der Steierreform. D'Regierung hätt hir Depensepolitik net am Grëff, kritiséiert d'Oppositioun. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider verweist op d'Investitiounspolitik vun der Regierung.

auto_stories

3 min

Tëschent 2018 an 2021 sollen d’Recettë vum Gesamtstaat mat 4,9 Prozent méi staark wuessen ewéi d’Depensen, déi ëm 4,3 Prozent sollen erop goen. An de Joren 2016 an 2017 klammen d’Recettë vum Staat wéinst der Steierreform awer manner staark. D’Depensë ginn an dëse béide Jore wéinst méi héijen Investissementer dogéint méi staark an d’Luucht. Dat kann een am Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm fir d’Joren 2017 bis 2021 noliesen. D’Brutto-Verschëldung soll an den nächste véier Joer bei am Duerchschnëtt 22,6 Prozent leien.

Dës Zuele stinn am Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm vum Grand-Duché, deen dëser Deeg am Kontext vum europäesche Semester bei d’EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt gëtt: Een Dokument, dat eis virläit.

Am grousse Ganze géif et der Lëtzebuerger Ekonomie gutt goen, kommentéiert de Vize-Premier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider:

"De Chômage geet erof, eis Staatsfinanzen sinn am Equiliber. Wat soll ee sech méi wënschen?"

"Keng akzeptabel Politik"

D'Oppositiounsvertrieder gesinn dës Ausso kritesch. Dem CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler sinn d'Budgetszuelen, déi vum Minister fir 2017 an 2018 virgeluecht goufen, een Dar am A. Hie kritiséiert, datt dës nach grad esou negativ wiere wéi virdrun:

"Mir wäerten 2017 an 2018 nach iwwer eng Milliard Scholde maachen bei enger Croissance déi awer bei véier respektiv fir 2018 iwwer fënnef Prozent ageschat gëtt. Fir mech ass dat onverständlech an och als Politik net akzeptabel."

De Claude Wiseler fuerdert, datt d'Regierung "sech Spillraum eraus misst schloen, fir Reserven ze maachen a sech Marge de manoeuvre fir eventuell Krisen Zäiten an Zukunft misst erauszeschloen."

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen kritiséiert sengersäits, datt Lëtzebuerg sech net genuch Gedanke géif maachen iwwert déi negativ Konsequenzen duerch d'Schafe vu méi Aarbechtsplazen. De Grand-Duché géif sech "an e System eraginn, wou mer condamnéiert gi sou ze wuessen", seet de Gast Gibéryen.

"Keng Regierung virdrun huet esou vill investéiert"

Dem Wirtschaftsminister Etienne Schneider no géif Lëtzebuerg eng ganz Rei Investissementer maachen. Zum Beispill an den ëffentlechen Transport, an "am Beräich vun der Fuerschung, vun de Schoulen, an am Beräich vum 'high performance computing'. Mir sinn am Gaangen an dee ganze Beräich vun erneierbaren Energien massiv Suen dran z'investéieren."

Keng Regierung virdrun hätt esou vill investéiert par rapport zu sengem PIB, ewéi déi heite Regierung, ënnersträicht den Etienne Schneider: "Dat sinn einfach Fakten, dat sinn Zuelen, déi no ze rechne sinn, déi nozevollzéie sinn. An dat muss och eng Oppositioun unerkennen, och wa se et net gäre maachen."

De Mëtteg (26. Abrëll) presentéieren de Wirtschaftsminister an de Finanzminister Pierre Gramegna de Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm respektiv den nationale Reformprogramm an der Chamber. Duerno debattéieren d'Deputéiert doriwwer an iwwert d’Ried zur Lag vun der Natioun.