Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Detournement vun Hesper: Éischte Prozessdag

Justiz

Detournement vun Hesper: Éischte Prozessdag

Optakt de Moie vum Prozess ëm zwee fréier Gemengebeamten, si sollen d'Gemeng Hesper wärend bal 20 Joer ëm iwwer dräi Milliounen Euro geschiedegt hunn.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstoch / N.Forenza

Lauschterenplay_arrow


De fréiere Chef vum Service technique an e fréiere Mataarbechter vum Facturatiounsservice hunn 20 Joer laang mat System ëffentlech Gelder an déi eegen Täsch gestach. Eng Stonn laang huet de Riichter déi sëllegen Uklopunkte vu Fraude, Faux, Vol bis zu Blanchiment virgelies. Duerno war et um Enquêteur vun der Police judiciaire fir de Modus Operandi vun den zwee Beschëllegten duerzeleeën. Beim drëtte Beschëllegten handelt et sech ëm en Entrepreneur aus der Gemeng Hesper, dee sech bei enger Affär zum Kompliz soll gemaach hunn.

Fantasiekonten an onrechtméisseg Subsiden

Iwwer zwee Fantasiekonten hunn déi zwee Beschëllegt jorelaang Gelder akasséiert, déi d'Gemenge fir Leeschtungen iwwerwisen huet, déi just um Pabeier bestanen hunn. Parallel hunn déi Beschëllegt Aarbechten un hiren Haiser duerchféiere gelooss a se duerno iwwer déi zwee Fantasiekonte vun der Gemeng Hesper bezuele gelooss. Den Haaptbeschëllegte selwer huet fir d'Gemeng zertifiéiert, datt dës Rechnunge reell wieren. Mat der selwechter Method goufe souguer Subsidë beim Tourismus a beim Ëmweltministère ugefrot an akasséiert. Weider goufe Rechnunge manipuléiert, esou datt et ausgesinn huet, wéi wann se op de Kont vun der Hesper Gemeng ausgestallt wieren. Opgeflu war dat Ganzt wéi Viremente vun enger Assurance net op de Gemengekonten ukomm sinn.

5,2 Milliounen Euro concernéiert

Déi zwee Beschëllegt si mëttlerweil gestänneg. Konfiskéiert goufen e grousst Wunnhaus zu Itzeg an zwee Appartementer zu Esch, eng Wunneng a Marokko, eng Harley Davidson an en Aston Martin. Iwwer 5,2 Milliounen Euro si concernéiert. Wärend de Moie Vertrieder vu sämtlechen Hesper Oppositiounsparteien am Sall waren, huet vun der CSV Säit keen Interessi gewisen.