Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dezentraliséierung vun der Drogenhëllef bleift een Defi

Drogepolitik

Dezentraliséierung vun der Drogenhëllef bleift een Defi

D'Stad Lëtzebuerg an de Gesondheetsministère wëllen iwwer eng "Delocalisatioun" vum Drogenhëllefzentrum nodenken. An engem éischte Schrëtt soll elo eng alternativ Offer fir Frae mat enger Drogesucht entstoen. Wéi den Abrigado doriwwer eraus op eenzel méi kleng Strukture kéint opgedeelt ginn, bleift onkloer.

auto_stories

4 min

De Gesondheetsministère plaidéiert fir eng Dezentraliséierung vun den Drogenhëllefstrukturen um Territoire vun der Haaptstad. Fort vun enger grousser Struktur, wou Droge kënnen injektéiert an inhaléiert ginn, wou medezinesch Substitutioun ugebuede gëtt, an Drogekonsumenten och kënnen iwwernuechten.

D'Haaptconclusioun vun den Expertisen a an och déi national Positioun wier, datt ee kleng Strukture géif preferéieren, seet den Alain Origer, Drogebeoptraagten am Gesondheetsministère.

"Wann et zu enger Delocalisatioun vum Abrigado kënnt, da muss een definéieren, wéi eng Funktiounen an deem 'neien' Abrigado dra sinn a wéi eng net. Dat ass elo nach net ganz konkret ugeschwat ginn. Mee ech mengen de Konsens ass do, datt mir den Abrigado nees eng Kéier mussen op de Leescht huelen."

Eng Struktur spezifesch fir Fraen

Iwwer ee konkrete Projet, mat deem den Abrigado entlaascht kéint ginn, si sech de Gesondheetsministère an déi Stater Responsabel effektiv elo eens. Geplangt ass eng nei Struktur spezifesch fir Frae mat enger schwéierer Drogesucht.

Zur Offer sollen een Droge-Konsumraum, ee Substitutiounsprogramm, Ee medezineschen an ee psycho-sozialen Encadrement, grad ewéi Iwwernuechtungsméiglechkeete gehéieren. Zil ass et, datt Fraen net méi an den Abrigado zu Bouneweg musse goen. Den Alain Origer seet, datt eng ganz Rei Fraen den Abrigado notzen, mee nach méi vulnerabel wieren.

"Et muss een dovunner ausgoen, datt 80 Prozent vun der Clientèle männlech ass an datt do eng Rei Fraen d'Offer vläicht guer net wëlle wouer huelen, well dat hinnen ze haart ass, oder well si sech net protegéiert genuch do fillen."

Dofir wéilt een eng Offer speziell fir Fraen op d'Bee stellen. Et gëtt och schonn e Vir-Konzept, mee et wier nach verfréit fir eng Plaz ze nennen, seet den Alain Origer.

Den Alain Origer ass Drogebeoptraagten am Gesondheetsministère. Foto: Archiv

De Stater Sozialschäffe Maurice Bauer begréisst de Projet vun engem Drogenhëllefzentrum fir Fraen ausdrécklech. Et wier awer nach ze fréi, fir ze soen, wéi séier an a wou déi nei Struktur sollt entstoen. Eng weider Opspléckung an Dezentraliséierung vum Abrigado wier den Ament awer fir d'Stad éischter keng Optioun, gëtt den CSV-Schäffen ze verstoen.

De Gesondheetsministère wëllt awer net op de Wee goen an ouni d'Stad méi kleng Drogenhëllefstrukture schafen, et wier nämlech och wichteg, datt d'Gemenge bereet wiere fir aktiv matzeschaffen, seet den Alain Origer. Et kéint een esou Saachen net imposéieren: "dat geet net, an dat wësse mir scho méi laang."

Wéi eng Offeren an anere Stied?

Den nationalen Drogebeoptraagte betount och, datt d'Offren an anere Stied - notamment den Drogekonsumraum zu Esch - näischt un der Situatioun an der Haaptstad geännert hunn. D'Offer zu Esch wier zwar "enorm wichteg", mee "si ass keng Léisung fir d'Haaptstad", déi eng spezifesch Positioun huet.

"Dofir huet et kee Wäert, datt mir elo op 15 Plazen 'Salles de consommation' maachen. Spezifesch fir de Problem an der Stad ass dat keng grouss Hëllef."

Eng wichteg Offer, déi et Drogekonsumenten erméiglecht hir Situatioun ze verbesseren, ass den einfachen Accès zu medezinesch Substitutioun - wéi se den Ament am Abrigado ugebuede gëtt. Eng Alternativ ass déi kontrolléiert Vergab vun Heroin, wéi se d'Jugend- an Drogenhëllef den Ament am Kader vun engem Pilotprojet an der Stad ubitt.

Och zu Esch kéint d'Offer an deem Sënn ausgebaut ginn, erkläert den Alain Origer. Dofir wéilt een och zu Esch kucken, ob et Sënn mécht fir nidderschwelleg Substitutioun unzebidden, fir dann eventuell och den Heroinprogramm kënnen auszebauen.

Den Drogekonsumraum Contact zu Esch. Foto: Archiv

Dësen ass aktuell op enger Plaz zentraliséiert, well een an enger éischter Phas hätt wëllen Erfarungswäerter sammelen, seet den Drogebeoptraagte vun der Santé. "Mee et geet definitiv an déi Richtung, datt dat absolut Sënn mécht fir eng ganz Rei vu Clienten, an datt mir dat och wëllen ausbauen."

Wéinst den Erfarungen zu Esch, géif ee sech d'Fro stellen, ob am Norde wierklech een Drogekonsum gebraucht gëtt, seet den Alain Origer. Eventuell wieren hei aner Modeller méi adaptéiert - méi verréit hien net. Mat de Responsabele vun den Nordstad-Gemengen ass an zwou Wochen eng Reunioun geplangt.