Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diddeleng: Kënnt der LSAP hir absolut Majoritéit an d'Wackelen?

Gemengewalen

Diddeleng: Kënnt der LSAP hir absolut Majoritéit an d'Wackelen?

"Sozialistesch Héichbuerg" - wann déi Beschreiwung op eng Gemeng am Land zoutrëfft, dann ass et Diddeleng: D'LSAP huet hei nämlech zënter 77 Joer eng absolut Majoritéit. Déi kéint awer bei de Gemengewalen un d'Wackele kommen.

auto_stories

1 min

"D'LSAP huet eng gewëssen Arroganz, esou datt se guer net gewinnt sinn mat enger Oppositioun ze schwätzen," betount d'CSV-Spëtzekandidatin Michèle Keyser-Wengler am 100,7-Interview. D'Diddelenger Oppositioun huet sech dofir fest virgeholl der LSAP hir Elengherrschaft op en Enn ze bréngen.

Mee wéi warscheinlech ass dat? A wéi kéint déi éischt Koalitioun zënter iwwer 70 Joer ausgesinn? De Rick Mertens huet sech mat deene Froen ausernee gesat.