Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die wissenschaftlichen Fakten stellen kein Absolut dar"

Corona-Pandemie

"Die wissenschaftlichen Fakten stellen kein Absolut dar"

D'Wëssenschaft mécht hir Analysen iwwer d'Pandemie, ouni Rücksicht op d'Politik, seet den LIH-Generaldirekter a Spriecher vun der Covid-19-Task-Force Ulf Nehrbass. Prognosen an Estimatioune sollt een och mat engem gewësse Recul betruechten. A fir politesch Decisioune géifen net just wëssenschaftlech Fakten zielen: D'Exit-Strategie géif och ekonomesch, psychologesch a gesellschaftlech Interessen erëm spigelen.

auto_stories

5 min

Den Deconfinement ass amgaang: Baustellen, Butteker, Lycéeë sinn nees op, an deemnächst och d'Grondschoulen, Spillschoulen an d'Crèchen. Doheem dierf ee bis zu sechs Gäscht ëmfänken, an dobaussen dierfe sech Gruppe vu bis zu 20 Persounen treffen. Déi wëssenschaftlech Berechnunge ginn dovunner aus, datt d'Capacitéite vum Gesondheetssystem trotz enger Hausse vun den Neiinfektiounen duer ginn.

Ënner dräi Viraussetzungen:

  1. D'Leit respektéieren d'Hygiènesreegelen: Generell bleift d'Droe vu Masken, respektiv d'Distanzanhalen an d'Hännwäsche wichteg.
  2. Et gi groussflächeg Tester gemaach, fir Infizéierter ouni Symptomer ze detektéieren.
  3. D'Kontaktpersoune kënnen effizient retracéiert ginn.

Notamment déi zweet Konditioun ass awer nach net erfëllt. D'Eropschrauwe vun der Testcapacitéit op bis zu 20.000 Tester den Dag soll bis Enn des Mounts geschéien. Trotzdeem hätt d'Politik den Deconfinement net ze fréi lancéiert, mengt den Ulf Nehrbass:

"Was die Regierung jetzt entschieden hat, ist auch aus der Sicht des Epidemiologen noch nachvollziehbar und vertretbar. Weil die Kurven in den nächsten Wochen relativ langsam ansteigen werden. Unter diesen Maßnahmen würde das Infektionsgeschehen Mitte, Ende Juni wieder anziehen. Das heißt, wenn wir jetzt in der Lage sind, tatsächlich Mitte Mai wieder einzugreifen, würde man das unter Kontrolle halten."

Reproduktiounszuel

D'Zuel vu Leit, déi eng infizéiert Persoun ustécht, läit den Ament bei knapps ënner eent. Vill Epidemiologe recommandéieren awer eréischt bei enger däitlech méi niddreger Reproduktiounszuel de Lockdown opzehiewen. Wéinst der geplangter Teststrategie wier et awer méiglech d'Situatioun ënner Kontroll ze behalen:

"Allerdings gibt es da eine ganz große Prämisse: All das wurde modelliert unter der Annahme, dass sich die luxemburgische Bevölkerung weiterhin an die Hygienemaßnahmen hält. Wenn das nicht der Fall sein sollte, werden wir eine Situation kriegen, in der wir dann extrem großflächig testen müssen, oder in der ein Lockdown wieder angedacht werden könnte."

Groussugeluechten Teststrategie

D'Task Force huet eng nei Teststrategie entwéckelt, déi virgesäit, datt reegelméisseg representativ Echantillonen aus verschiddene gesellschaftlechen oder professionelle Gruppen (Schüler, Bauaarbechter, medezinescht Personal, Alters- a Fleegeheemer asw.) getest ginn. Dës Tester sinn elo och schonn amgaang. Infizéierter ouni Symptomer kënne just esou detektéiert ginn: d'Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt op d'mannst 1.800 Leit den Ament de Virus hunn - däitlech méi, wéi déi ronn 250 confirméiert Fäll.

Wann een an engem Grupp vill Infektioune feststellt, kéinten eenzel "Kontingenter" opgeruff ginn, sech komplett testen ze loossen. Persoune mat engem positive Resultat kéinte sech da selwer a Quarantän beginn. D'Regierung géif decidéieren, wéi ee Secteur eventuell als éischt komplett sollt getest ginn. Wéinst der relativ héijer "Prevalenz" vun iwwer zwee Prozent Infizéierten (am Verglach zu 0,3 Prozent an der gesellschaftlecher Moyenn), wier de Bausecteur do eng Optioun.

"Loosst Iech testen"

Esou wëllt een d'Zuel vun Neiinfektioune reduzéieren an den Iwwerbléck iwwer d'Situatioun behalen. Den Interêt vun dësen Tester wier ee gesamtgesellschaftlechen a gesondheetspoliteschen, a manner ee perséinlechen, betount den Ulf Nehrbass:

"Diese großflächige Testung soll nicht vorrangig die Frage beantworten: Bin ich selber positiv oder negativ - und wenn ich negativ bin, bin ich dann sicher? Vorrangig geht es darum, die Positiven aus dem Geschehen zu entfernen. Und zwar soweit, dass man mit klassischen Kontaktverfolgungsmethoden diese Ketten wieder nachverfolgen kann."

D'Inspection sanitaire kéint de Suivi vu Kontakter bei bis zu 100 Infektiounen den Dag assuréieren. Trotzdeem plaidéiert d'Task Force zousätzlech fir eng dateschutzkonform Tracking-App, fir d'Effikassitéit vun dëser Mesure ze erhéijen.

D'Tester si fräiwëlleg, mee d'Strategie geet just op, wa méiglechst vill Leit sech bedeelegen. Dowéinst ass et den Appell vum LIH-Generaldirekter u jiddwereen engem Opruff sech ze testen, ze suivéieren.

Praktesch Ëmsetzung

17 Testzentere solle bis Enn Mee uechter d'Land opmaachen. 300 Leit géife gebraucht ginn, fir dëse Projet logistesch a medezinesch ze stäipen, esou d'Aschätzung vum Ulf Nehrbass. Als Logistikpartner nennt hien d'Firma Ecolog.

D'Tester komme vu Fast Track Diagnostics a gi vun de Laboratoires Réunis ausgewäert. 500.000 Tester goufe fir ronn véier Milliounen Euro kaaft. Déi Tester wieren direkt disponibel a vun enger héijer Qualitéit - dat wier op engem ganz ugespaante Marché ee staarkt Argument gewiescht, séier zouzegräifen.

Reporter.lu hat opgedeckt, datt et keng Ausschreiwung gouf. Dat wier wéinst dem Handlungsdrock an no Récksprooch mat der zoustänneger Soumissiouns-Kommissioun esou decidéiert ginn, erkläert den LIH-Generaldirekter. Fir d'Zukunft géifen do nees déi normal Prozeduren applizéiert ginn.

Wëssenschaft a Politik

D'Covid-19-Task-Force wëllt elo all Woch eng eege Pressekonferenz ginn, fir iwwer hir Erkenntnisser an Aschätzungen ze informéieren. Et géif keen Drock ginn, fir Informatiounen zeréckzehalen, déi net zur Regierungsstrategie passen, betount den Ulf Nehrbass op Nofro hin.

Effektiv wier een op eng Zesummenaarbecht ugewisen, well d'Donnéeë fir d'Analys vum Pandemieverlaf vum Gesondheetsministère kéimen. Mee keen hätt een Interessi drun, den Informatiounsfloss an déi eng oder aner Richtung ze stoppen.

Wann d'Wëssenschaft Prognose publizéiert, déi Regierungsentscheedungen a Fro stellen, kéinten d'Decideuren effektiv ënner Drock geroden. Mee dat hätt näischt mat Muecht ze dinn, fënnt den LIH-Generaldirekter. D'Politik misst hir Responsabilitéit iwwerhuelen an och aner Facteure berücksichtegen, dorënner ekonomescher, psychologescher a gesellschaftlecher:

"Die wissenschaftlichen Fakten stellen kein Absolut dar. Ich kann mir Situationen vorstellen, in denen von virologischer Sicht es zu einem dynamischen Pandemiegeschehen kommt, wo aber die Politik wird entscheiden müssen, dass man weitermacht."

Mee dat wier den Ament net de Fall: Och d'Ouverture vun de Schoule géif de Prognosen no net zu enger ze staarker Hausse vun Neiinfektioune féieren.

Lockdown war sënnvoll

Et wier wichteg, datt d'Leit sech elo fir d'wëssenschaftlech Erkenntnisser interesséieren a versichen hiert Verhalen dorunner auszeriichten. Net verstoe kann den Ulf Nehrbass d'Protester géint de Lockdown, wéi et se dëser Deeg zum Beispill an Däitschland ginn:

"Ich bitte alle sich daran zu erinnern, wie man dieses Pandemiegeschehen noch vor wenigen Wochen empfunden hat. Ich erinnere mich an zwei Tage, an denen ich ein sehr starkes Angstgefühl hatte. Das war als von der amerikanischen CDC eine Sterblichkeitsrate von 10 Prozent angegeben wurde. Das hat mich geschockt. Es gab eine andere News, die sich auch nicht bewahrheitet hat. Da ging es darum, dass bereits infizierte Personen sich neu infizieren können. Es gab sehr viel Ungewissheit, und es gab sehr viel Angst. Wenn Entscheidungsträger dann Entscheidungen getroffen haben, die all dem vorgebeugt haben, kann man natürlich sagen, wenn diese Maßnahmen erfolgreich waren, dass sie nicht nötig waren."