Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Pride And Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi héije Burnout-Risiko duerch d'Digitaliséirung

Konsequenze vun der Digitaliséirung

Méi héije Burnout-Risiko duerch d'Digitaliséirung

Fir de Quality of work-Index goufe 1500 Salariéë gefrot, wéi zefridde si mat der Qualitéit vun hirer Aarbecht sinn. Ronn dräi Véierel vun de Befroten hunn eng mëttel- oder héich Aarbechtsqualitéit uginn. 2016 waren et mat 68 Prozent nach manner Leit. Opgeschlësselt ergëtt sech awer ee méi differenzéiert Bild. Virun allem d'Digitaliséirung géif fir zousätzlechen Drock suergen.

auto_stories

2 min

Sylvain Hoffmann

D'Digitaliséirung géif dacks eng Entgrenzung tëscht der Aarbecht an dem Privatliewe mat sech bréngen. Dat géif de Quality of work-Index beweisen, seet de Sylvain Hoffmann, Ekonomist a Vize-Direkter vun der Salariatskammer.

En theoretescht Recht op Deconnectioun géif dofir net duergoen. An der Competitioun mat anere Salariéë misst d'Aarbechtsrecht d'Salariéen heiansdo viru sech selwer schützen. Entspriechend technesch Méiglechkeete géif et och ginn. Zum Beispill kéint de Patron sech dozou verflichten, fir de Kommunikatiounsserveur vun engem gewësse Moment un ofzeschalten. A Frankräich géif et en entspriechend Recht op Deconnectioun scho ginn. Ee Recht op Deconnectioun kéint awer nëmme sektoriell agefouert ginn, zum Beispill am Kader vu Kollektivvertragsverhandlungen.

Héije Burnout-Risiko

Déi Salariéen, déi a staark digitaliséierte Beruffer schaffen, wiere meeschtens der Meenung, d'Digitalisatioun géif hëllefen hir Aarbechtscapacitéit ze steigeren. Anerersäits wieren déi selwecht Salariéen (ee vu véier) awer och méi concernéiert vun negative Phenomener wéi Burnout.

Am Duerchschnëtt géif ee Salarié zu Lëtzebuerg zwou an eng hallef Stonn pro Woch méi laang schaffen, wéi am Kontrakt festgeluecht. Männer géifen deemno ronn 43 Stonnen an der Woch schaffen. Frae kéimen op ronn 36 Stonnen, woubäi Deelzäitkontrakter scho mat agerechent sinn.

Am Resultat heescht dat, datt 47 Prozent vun de Männer a 27 vun de Fraen méi wéi 40 Stonnen an der Woch schaffen. Fënnef Prozent hu souguer uginn, méi wéi zéng Iwwerstonne pro Woch ze maachen. De Sylvain Hoffmann zitt d'Konklusioun, datt vill Leit sech de Risike vun dëse Geforen, déi laangfristeg kéinten optrieden, net bewosst sinn. Et misst een deemno iwwer Mesuren, wéi d'Recht op Deconnectioun oder souguer d'Obligatioun zur Deconnectioun nodenken.

Scheinselbststännegkeet ënner d'Lupp huelen

Am Kader vun der Digitaliséierung géif de Phenomen vun der Scheinselbststännegkeet riskéieren zouzehuelen. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob d'Definitioun vum Salariatsverhältnis ënnert senger aktueller Form nach kéint bestoe bleiwen. De Lien de Subordination géif an Zukunft eventuell net méi duergoen. Et misst een och eng gewëssen ekonomesch Ofhängegkeet mat a Betruecht zéien. Zum Beispill wa Freelancë fir dee selwechte Client ëmmer déi selwecht Aarbecht maachen.

Aktuell géif d'CSL zesumme mat der Chambre de Commerce an dem Aarbechtsministère eng Etüd maachen iwwert de sozialen Impakt vun der Digitaliséierung. D'Scheinselbstännegkeet wier dobäi och en Aspekt. Déi Etüd soll Enn vum Joer presentéiert ginn.