Déiere solle virum Gesetz keng Objete méi sinn, mä als Liewewiesen unerkannt ginn, déi spieren a fillen, an déi eng eegen Dignitéit hunn. Esouwuel de Staatsrot, wéi och d'Landwirtschaftskammer hunn an hire respektiven Avisen op d'Komplexitéit vum Begrëff Dignitéit verwisen. D'Dignitéit wier "la valeur propre de l'animal qui doit être respectée par les personnes qui s'en occupent", heescht et am Gesetzprojet.
De Staatsrot hieft a sengem éischten Avis vu Mäerz dëst Joer ervir, datt d'Konzept vun der Dignitéit bis elo exklusiv fir Mënsche reservéiert ass. D'Déieren hätte keng Dignitéit, well si kee Verstand hätten, et kéint ee sech beim Déier just op déi Dignitéit beruffen, déi de Mënsch selwer am Ëmgang mam Déier applizéiert. Den DP-Deputéierten a Rapporter vum Gesetzprojet schwätzt trotzdeem vun engem "qualitative Sprong an der Gesetzgebung".
Käschtepunkt Déiereschutz
Mam neien Déiereschutzgesetz ginn d'Oplage fir Déierenhaltung an Déiereversich verschäerft. Gläichzäiteg gi Sanktiounen agefouert, déi bis zu 200.000 Euro Geldstrof kënne goen a bis zu dräi Joer Prisong.
D'Landwirtschaftskammer kritiséiert an hirem Avis, datt mam neien Déiereschutzgesetz d'Lëtzebuerger Véiziichter zousätzlech Oplage kréie géigeniwwer hire Konkurrenten am Ausland. D'Wuelbefanne vum Déier generéiert Käschten. Dat géing zu enger negativer Verzerrung vum Marché féieren.
De Gesetzprojet iwwert den Déiereschutz war am Mee 2016 op den Instanzewee geschéckt ginn. Aktuell gëtt op den Avis vum Staatsrot zu den Amendementer, déi nogereecht ginn, gewaart.