Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Direkter vum Blannenheem zu Rolleng hält op

MËSSSTÄNN AM BLANNENHEEM

Direkter vum Blannenheem zu Rolleng hält op

Den Direkter vum Blannenheem zu Rolleng huet demissionnéiert. Dat huet de Verwaltungsrot zesumme mam Jean-Paul Grün haut decidéiert. De Christian Ehrang, fréieren Direkter vu verschiddenen Altersheemer iwwerhëlt den Interim. De Jean-Paul Grün war an d'Kritik geroden, nodeems Famille vu Bewunner aus dem Blannenheem d'lescht Woch op eng ganz Rei Mëssstänn opmierksam gemaach haten.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock

De Verwaltungsrot hëlt awer am Communiqué den Direkter a Schutz: de gréissten Deel vun de Kriticken, déi an der Ëffentlechkeet opgetaucht sinn, wieren net objektiv gewiescht, de Verwaltungsrot hätt och vollt Vertrauen an d'Personal vum Blannenheem.

Christian Ehrang iwwerhëlt Interim

D'Reprochë sinn net fondéiert. Dat seet de President vum Rollenger Blannenheem am 100,7-Interview nodeems hiren Direkter haut demissionéiert huet. Wéinst dem ëffentlechen Drock hätt de Verwaltungsrot dat zesumme mam Jean-Paul Grün decidéiert. De Christian Ehrang, fréieren Direkter vu verschiddenen Altersheemer iwwerhëlt den Interim.

"Campagne orchestré"

De Jean-Paul Grün war an d'Kritik geroden nodeems Famille vun e puer Bewunner aus dem Blannenheem d'lescht Woch op eng ganz Rei Mëssstänn opmierksam gemaach haten. Dem President vum Verwaltungsrot Paul Ensch no wieren eng ganz Rei Reprochen allerdéngs net fondéiert. Mir hunn och gesinn, datt den Drock vu baussen op kenger objektiver Basis berout.

"Ech musse wierklech soen, datt et eng Campange orchestré ass fir den Här Grün eraus ze kréien. Unhand vun där Diskussioun an och fir d'Fondatioun a Schutz ze huele ware mir der Meenung, datt hie seng Fonktioun géif zur Dispositioun stellen."

D'Famille vun de Bewunner wollten nach net reagéieren

De Verwaltungsrot ass virun allem enttäuscht iwwer de fréieren Direkter Roger Hoffmann. Hie géif sech instrumentaliséiere loossen an en hätt sech mat sengen inappropriéierten an aggressiven Aussoe wéilte profiléieren.

Detailer wollt de Paul Ensch net verroden. Op RTL hat de Roger Hoffmann kritiséiert, datt et am Blannenheem keng Mënschlechkeet méi géif ginn. Mee d'Leit géifen hei genee esou behandelt ginn, wéi an aneren Heemer, huet hie gemengt.

D'Famille vun de Bewunner wollte op Nofro hi kuerzfristeg net op d'Aussoe vum Verwaltungsrot reagéieren. Den Direkter Jean-Paul Grün ware de Mueren net ze ereechen.

D'Patientevertriedung begréisst d'Demissioun vum Jean-Paul Grün

D'Patientevertriedung begréisst d'Demissioun vum Jean-Paul Grün, esou d'Michèle Wennmacher. Anescht wéi de President vum Verwaltungsrot et géif soen, wieren d'Doleancë fondéiert. D'Patientevertriedung fuerdert een externen Audit.

"Datt wierklech vun externe Leit op d'Zoustänn am Blannenheem gekuckt gëtt an datt gekuckt gett, wou sinn d'Schwaachstellen, wou musse Verbesserunge kommen, an datt déi Verbesserungen och ëmgesat ginn. Well vu bannen ass et ëmmer ganz schwéier eppes ze veränneren an do muss objektiv drop gekuckt ginn, fir datt een Neiufank ka gemaach ginn."

De Verwaltungsrot misst och mat de Leit schwätzen, esou d'Patientevertriedung.