Kulturjoer 2022 Direktesch vun Esch 2022: D'Konventioune "brauchen Zäit"

D'Nancy Braun, Direktesch vun Esch 2022, weist sech optimistesch, datt all d'Projeten déi geplangt sinn, och Realitéit ginn.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Nancy Braun
D'Nancy Braun ass Direktesch vun Esch 2022. Foto: Archiv

Bis elo hunn eréischt 20 vun am ganzen 132 Projete fest zougesot. D'Nancy Braun erkläert dat domat, datt mat verschiddene Partner nach iwwer Modalitéite verhandelt gëtt. Dee Prozess wier am Gaang.

All d'Partner géifen awer engagéiert hunn hire Projete schaffen, dat hätt een e Freideg bei enger Pressepresentatioun vun Esch2022 gemierkt, wou méi wéi 30 Projete virgestallt goufen. D'Partner wieren engagéiert a motivéiert gewiescht. Verschiddener hätten hir Konventioun selwer nach net ënnerschriwwen, "well se vläicht op där enger Säit Froen hunn, op där anerer Säit musse se eis och nach Informatioune liwweren."

Dëse Prozess géif nach lafen, mee d'Nancy Braun hofft, datt e "relativ schnell" kéint ofgeschloss ginn.

Esch 2022 fënnt sou oder sou statt

D'Kulturjoer zu Esch wäert an engem Joer stattfannen, och wann d'Covid-Restriktioune bis dohin net opgehuewe sinn. D'Nancy Braun huet betount, datt een d'Méiglechkeet hätt d'Ouvertureszeremonie an aner Evenementer noutfalls Online ze iwwerdroen. D'Organisateure missten awer flexibel sinn a sech un d'Restriktiounen upassen, sollt dat néideg sinn:

"De Moment wësse mer souwisou net, wou et hi geet mat all deene Projeten. Verschidde Projeten, déi si virun annerhallwem Joer geschriwwe ginn, déi sollten no enger klassescher Manéier opgebaut ginn. [...] [D]'lescht Joer huet eis gewisen, wéi flexibel mer musse sinn, an datt mer mussen ëmdenken, an ëmstrécken. An do probéiere mer ebe ganz enk mam Projetspartner ze kucken, wou d'Projeten hi ginn."

Wa verschidde Projete wéinst Corona-Restriktioune ganz missten ofgesot ginn, kéint d'Asbl Esch2022 eventuell en Deel vun de finanziellen Ausfäll iwwerhuelen, esou d'Nancy Braun. Wéi vill an esou Fäll rembourséiert ka ginn, misst awer an all Fall eenzel mam jeeweilege Partner gekuckt ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Esch 2022
Esch 2022

D'Europäesch Kommissioun huet 13 Recommandatioune fir Esch 2022 ginn. D'Ekipp ëm d'Generaldirektesch Nancy Braun huet dëse Rapport der Kulturkommissioun an der Chamber presentéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen