Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Direktiounswiessel bei der Fondatioun Kräizbierg

Interne Konflikt

Direktiounswiessel bei der Fondatioun Kräizbierg

No engem méintelaangen interne Konflikt tëschent Personal an Direktioun ass bei der Diddelenger Fondatioun Kräizbierg eng Decisioun gefall: Den Administrateur délégué an den Direkter vun den Atelieren demissionéieren.

auto_stories

2 min

D'Fondatioun Kräizbierg brauch eng nei Direktioun: Den Administrateur délégué Jeannot Berg an den Tom Wagner, Direkter vun den Atelieren, trieden zeréck. Dat huet de Verwaltungsrot den Donneschdeg Owend no enger weiderer Sitzung wéinst dem interne Konflikt per Communiqué matgedeelt. An der Reunioun gouf den externen Audit diskutéiert, deen an de leschten zwee Méint realiséiert gouf.

De Jeannot Berg hätt op eegen Initiativ proposéiert op den 1. Dezember 2020 zeréckzetrieden, heescht et am Communiqué. Den Tom Wagner hätt d'Propositioun vum Verwaltungsrot akzeptéiert, fir säi Posten och zur Verfügung ze stellen. Déi zwee wéilten domat zum soziale Fridden an der Fondatioun Kräizbierg bäidroen. Den Audit hätt d'Reprochë vum "harcèlement moral" an "harcèlement sexuel" net kënne confirméieren.

Méintelaang Onrouen

De Konflikt huet sech am Fréijoer intern zougespëtzt, zanter September hunn den OGBL an d'Personaldelegatioun an der Ëffentlechkeet personell Konsequenze gefuerdert. E Wiessel wier néideg, fir datt déi sozial Missioun an den Atelieren a Foyeren erëm zur Prioritéit gëtt. Enn September hunn eng 150 Persoune virum Siège vun der Fondatioun demonstréiert.

D'Gewerkschaft an d'Delegatioun hunn der Direktioun en autoritären an onmënschleche Féierungsstil virgeheit. D'Personal wier ënner Drock gesat ginn. Donieft huet den OGBL am Oktober op enger Pressekonferenz gesot, d'Gewerkschaft wier mat fënnef bis sechs Reklamatioune wéinst sexuellen Avancen duerch den Administrateur délégué Jeannot Berg géint Membere vum Personal confrontéiert ginn: Eng aus den 90er Joren, déi aner méi rezent. Den Administrateur délégué huet d'Virwërf vu sech gewisen a sech rechtlech Schrëtt virbehalen.

Demissioune beim Personal

Generell géif et bei der Fondatioun Kräizbierg wéinst enger ganzer Rei vu Mëssstänn eng Atmosphär vun Angscht ginn, esou den OGBL an de leschte Méint. Scho 14 vun den am Ganzen 390 Leit Personal hätten d'Fondatioun verlooss. De Verwaltungsrot mat un der Spëtzt dem Henri Grethen krut Passivitéit virgehäit.

D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéen. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.

Den Henri Grethen huet d'100,7-Offer ofgeleent fir um Freideg Invité vum Dag um Radio ze si fir net weider Onrou an den Dossier ze bréngen. De Verwaltungsrot hätt sech virgeholl just schrëftlech no baussen ze kommunizéieren.

Et gouf dëst Joer schonn en änleche Fall wéi bei der Fondatioun Kräizbierg. Am Juni hat den Direkter vum Blannenheem bei Miersch no engem interne Konflikt demissionéiert.