Gratis ëffentlechen Transport "Diskriminatioun vu Leit mat Handicap"

Leit mat Handicap géifen diskriminéiert ginn, wann den Transport Service Adapto net gratis gëtt. Där Meenung ass de Stater Gemengeconseiller Joel Delvaux vun déi Lenk, dee selwer am Rollstull sëtzt.

Rick Mertens / cbi

Joel Delvaux
De Joel Delvaux ass Conseiller an der Stad Lëtzebuerg fir déi Lénk

De Joel Delvaux kann net novollzéien, datt den Transportminister François Bausch budgetär Grënn uféiert fir z'erklären, datt den Adapto och weiderhi payant soll bleiwe well gesot géif ginn, datt dat keen ëffentlechen Transport, mee éischter en Taxi wier.

De Joel Delvaux kann "et net akzeptéieren, datt eis virbehale gëtt, wéi vill dat de Steierzueler kascht". Et géif de behënnerte Leit "quasi e schlecht Gewësse gemaach" ginn.

Leit mat Behënnerung sinn op Adapto ugewisen

An e bësse méi wei engem hallwe Joer gëtt den ëffentlechen Transport gratis. Am Fong gëllt dat fir jiddwereen, mee Leit mat engem Handicap fillen sech deelweis ausgeschloss, seet de Joel Delvaux:

"Den ëffentlechen Transport soll fir jiddweree gratis ginn - egal wei vill do huet missen investéiert ginn. Ech mengen de Minister François Bausch huet viru kuerzem gesot, datt an de lëschte Joren 30-40 Milliounen an den ëffentlechen Transport investéiert goufe fir dee besser un d'Besoinen unzepassen."

D'Leit wären op dëse Service ugewisen, esou de Joel Delvaux. Ausserhalb vun der Stad Lëtzebuerg wär nämlech nëmme "Minimum" vu Busse fir Leit am Rollstull accessibel:

"Do sinn dann Trapen, oder et si guer keng Plaze virgesinn, fir de Rollstull hinzestellen. An d 'Héicht vun de Quaien ass net esou ugepasst, datt een an de Bus erakéim. Duerfir mussen einfach landeswäit iwwerall Busse fueren, déi esou ugepasst sinn, datt een och mam Rollstull erakënnt."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Martine Eischen
Trisomie 21

Et misst méi séier viru goen, wat Inclusioun an der Schoul, am Aarbechtsliewen an am Wunnen ugeet, seet d'Martine Eischen - Presidentin vun der Asbl "Trisomie 21 Lëtzebuerg".

Olivier Grüneisen
Handicap

Info Handicap fuerdert eng séier Reform. An Zukunft misste behënnert Persounen ënner Tutelle och politesch an zivil Rechter kréien. D'Reform vum Tutellesgsetz war scho fir 2017 ugekënnegt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen