Investitiounsstrategie Diskussiounen iwwer e méi nohaltege Pensiounsfong

Wat halen déi an der Chamber vertruede Parteie vun der Aart a Weis, wéi d'Pensiounsreserven, also d'Cotisatioune vun de Leit, de Betriber an dem Staat, geréiert ginn? Dat wollt de Sozialminister Claude Haagen gewuer ginn. Dofir huet hiend'Chamber gefrot eng Debatt iwwer déi zukünfteg Investitiouns-Strategie vum Fonds de Compensation (kuerz FDC) ze féieren.

Maurice Molitor / cz

Chamber
Foto: Flickr Chambre des Deputés

De Fonds de compensation huet 2004, wéi en an d'Liewe geruff ginn ass, d'Missioun kritt de garantir la pérennité du régime général de pension. Sou steet et a sengem Gesetz. Dat heescht e soll d'Geld, dat ëm uvertraut ass - an do schwätze mer am Moment vu méi wéi 26 Milliarden Euro - esou placéieren, datt de Rendement méiglechst grouss an de Risiko méiglechst kleng ass. Dat Zil gouf an der Chamberdebatt och vu kengem kontestéiert.

D'Diskussioun huet éischter ëm d'Fro gedréint, ob de Fong net op verschidde Placementer verzichte sollt, déi zwar sécher a rentabel, mee haut vläicht net méi ze vertriede sinn. Investissementer a fossil Energien oder an Atomkraaft zum Beispill. Den DP-Deputéierten André Bauler huet fir eng nuancéiert Approche plädéiert.

"Et gëllt also d'Gläichgewiicht ze fannen tëscht engersäits Krittäre vun der Nohaltegkeet an dem Respekt vu Mënscherechter an anerersäits eis Pensiounen ofzesécheren. Et ass dëst e Balance-Akt, deen net esou evident ass wéi ee menge kéint."

Ass et dat wierklech? De gréngen Deputéierte Charel Margue ass do domat net averstanen, et géif wuel Méiglechkeete ginn fir seng Sue rentabel unzeleeën, ouni mussen a fossil oder nuklear Energien ze investéieren.

CSV an ADR si fir Investitiounen an Atomenergie

D'CSV huet kee Problem dermat, wann de Pensiounsfong temporär un Investitiounen an Atomenergie festhält, hiren Deputéierte Marc Spautz begrënnt dat mat europäeschen Decisiounen a gesäit do och kee Widdersproch mat fréieren Aussoe vu senger Partei.

"An der Taxonomie ass virgesinn, dass Atomenergie kann derbäi bleiwen, an dofir kënne mir soen, dass mir dee Programm mat ënnerstëtzen, well mer der Meenung sinn, dat ass eng vorübergehend Saach."

Hie wier sech awer bewosst, datt d'CSV hir Meenung op deem Punkt zënter 2019 geännert hätt, well den Energiemarché am Februar 2022 "komplett geännert" hätt.

Fir d'ADR stellt sech d'Fro vun Investitiounen an Atomenergie sech guer net, d'Diskussioun doriwwer hätt am dësem Kontext näischt ze sichen, a wier reng Ideologie, sou hire Spriecher Jeff Engelen. D'Investitiouns-Strategie hätt sech eleng un den Interessie vun den haitegen an zukünftege Pensiouns-Empfänger ze orientéieren.

Majoritéit plädéiert fir eng méi nohalteg Ausriichtung

Dat ass awer eng absolut minoritär Positioun an der Chamber. D'Majoritéit vun den Deputéierte plädéiert éischter fir enger ëmmer méi nohalteg Ausriichtung vun deem gewaltege Portefeuille vum FDC. Oneens ware se sech just a wéi engem Mooss an a wéi engem Tempo dat geschéie sollt.

De Kompensatiounsfong huet iwweregens 2011 ugefaangen, méi genee ze kucken, wou e seng Suen investéiert. Deemools gouf eng schwaarz Lëscht vu Firmen opgestallt, an déi kee Geld méi gestach gëtt. Op där Lescht stinn haut 137 Entreprisen. Dat wieren der vill méi wéi op änleche Lëschten an anere Länner, gouf gëscht ënnerstrach.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Pensiounsfong
Pensiounskees

D'Rentereserven louchen d'lescht Joer bei bal 23,9 Milliarden Euro. De Pensiounsfong steet den Ament also gutt do, laangfristeg wieren awer weider Efforten néideg, fir datt dat och esou bleift.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen