arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskutabel Gouvernance beim Groupe HRS

Interessekonflikt

|
reading time

2 min

Diskutabel Gouvernance beim Groupe HRS

D'Affekotenetude vum Jean-Louis Schiltz schafft 100,7-Informatiounen no reegelméisseg am Optrag vun den Hôpitaux Robert Schuman, vun deenen de Jean-Louis Schiltz selwer President ass.

reading time

2 min

play_arrow De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren

D'Etude verdéngt eisen Informatiounen no héich Montanten, andeems se Affäre fir de Spidolsgrupp traitéiert. De Groupe HRS huet eis schrëftlech geäntwert, et géif keen Interessekonflikt ginn. D'Etude Schiltz&Schiltz géif de Kongregatiounsspideeler zanter iwwer 30 Joer juristesch zur Säit stoen.

De Jean-Louis Schiltz ass zënter Enn 2016 President vun der Fondation HRS, an zënter Mee 2020 President vun HRS SA, wou hien och vun 2016 u Member war. De fréieren CSV-Minister ass ee vu fënnef Associéeë vun der Etude Schiltz&Schiltz.

De Groupe HRS ass zënter Februar a méi aktuellen Dossieren an der Aktualitéit. Et gouf vill Kritik, well d'Présidence vum Verwaltungsrot sech fréizäiteg impfe gelooss huet. Wéi an anere Spideeler och, koum et zu punktuellen Irregularitéite wärend der Impfcampagne. An zënter gëscht ass bekannt, datt d'Hôptaux Robert Schuman an hire Generaldirekter Claude Schummer getrennte Weeër ginn. Iwwer déi reel Grënn fir deen Depart ginn et keng geséchert Informatiounen. D'Dokteschassociatioun AMMD behaapt, de Groupe HRS hätt parallel zum Staat probéiert un Impfstoff ze kommen.

Paulette Lenert: Spideeler sollen hir Verantwortung iwwerhuelen

De Gesondheetsministère kéint net an d'Spideeler kontrolléiere goen, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert den Donneschdeg viru Pressevertrieder. D'Spideeler missten am Kader vun der Konventioun mam Gesondheetsministère och hieren Deel vun der Verantwortung iwwerhuelen, sou d'Paulette Lenert.

play_arrow D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert

"Ansoufern war et eise Schrëtt fir elo wierklech ze insistéieren, datt dat soll iwwerpréift ginn, dat ass och a sämtleche Spideeler de Fall - do lafen intern Enquêten och wéinst externen Auditen, déi ugelaf sinn. Dat ass och fir mech de Wee, wéi et soll sinn."