arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Divorce: Familljeriichter fir Alles

Justiz

|
reading time

2 min

Divorce: Familljeriichter fir Alles

Vun en Donneschdeg u gëllt en neit Scheedungsrecht an de Familljeriichter gëtt agefouert, dee fir all Prozeduren zoustänneg ass. Ofgeschaaft gëtt den Divorce pour faute. Et bleiwen elo nach zwou Forme vu Scheedung: "par consentement mutuel", dat heescht wann eng Koppel sech iwwert Alles eens ginn ass, a "pour rupture irrémédiable des relations conjugales".

reading time

2 min

De Fait, datt d'Faute net méi vum Geriicht consideréiert gëtt, bréngt mat sech, datt d'Geriichter sech vill manner an d'Liewe vun de Leit amëschen, seet d'Familljeriichterin Alexandra Huberty.

Wann d'Geriicht iwwer de Wee vun Zeienaussoe gaangen ass, wieren dacks "zimlech negativ, intim Saachen" op den Dësch komm, déi ee Riichter net onbedéngt wësse misst, sou d'Riichterin.

An deene leschte Jore wiere "richteg Divorce pour Faute" och nëmmen nach seele virkomm. "Am Gros vun den Dossiere sinn d'Leit op d'Geriicht komm an hunn ee Feeler zouginn, fir datt se einfach gescheet ginn", sou d'Alexandra Huberty.

"Divorce pour rupture irrémédiable preferabel"

An deene meeschte Fäll wier et besser, fir den Divorce pour rupture irrémédiable ze froen. An där Prozedur géif de Riichter Decisiounen treffen iwwert déi Punkten op deenen d'Koppel sech net eens ass.

Bäim Divorce pour rupture irrémédiable des relations conjugales kann ee gescheet ginn, ouni viru Geriicht speziell Grënn mussen unzeginn. Dee Moment wier et fir den zweete Partner och méi schwéier, fir Drock opzebauen, sou d'Alexandra Huberty. De Virdeel vun dëser Méiglechkeet wier, datt déi zwee Partner net sou laang am Virfeld un enger Léisung schaffe missten, mee de Riichter dat decidéiere géifen.

"Ausser dir sidd iech iwwert Alles eens an dir hutt och net vill Problemer, dann ass de 'Consentement mutuel' eng einfach propper Léisung fir sech scheeden ze loossen", seet d'Familljeriichterin.

An de Fäll vum Consentement mutuel géif ganz vill a laang verhandelt ginn. Net seele géif och ee vun de Partneren Drock op deen aneren ausüben.

"Deejéinegen dee méi gescheet wëll ginn ewéi deen aneren, huet eng schlecht Startpositioun, deen anere léisst et sech bezuelen, sief dat um Niveau vun de Kanner, sief dat um Niveau vun deem wat gedeelt soll ginn. Am Consentement mutuel ass een dacks net esou op engem Niveau, wéi dat no bausse gesot gëtt."

Néierung: Pensiounsrechter

Eng grouss Ännerung an der Reform vum Divorce ass d'Regelung vun de Pensiounsrechter vun där Persoun déi wärend dem Mariage wéinst der Erzéiung vun de Kanner ophält mat schaffen oder manner schafft. D'Bäiträg un d'Pensiounskeess ginn nodréiglech fir déi präzis Period bezuelt, wann déi gemeinsam Bienen opgedeelt ginn.

D'Autorité parentale conjointe, déi och vum Familljeriichter geregelt gëtt, ass schonn zanter Juli a Kraaft. Béid Elteren kréien d'Autoritéit an ee Matsproocherecht fir déi wichteg Decisiounen déi et par Rapport zu hirem Kand ze treffe gëtt, mat Ausnamen a gravë Situatiounen,