Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Djuna Bernard: "Déi Mesure ass an der Zäit limitéiert"

Subventionéierung vum Sprit

Djuna Bernard: "Déi Mesure ass an der Zäit limitéiert"

Um Kongress vun déi gréng leschte Weekend goufen et keng gréisser Diskussiounen iwwer d'Mesuren, déi op der Tripartite decidéiert goufen - och net iwwer de Sprit, dee bis Enn Juli mat 7,5 Cent de Liter subventionéiert soll ginn.

auto_stories

2 min

Ganz ouni Mësstoun ass de Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster iwwer d'Bün gaangen, obschonn dräi Deeg virdrun an der Tripartite eng Decisioun geholl gi war, déi vill Gréngen normalerweis net gefalen dierft.

De Spritpräis soll ëm 7,5 Cent de Liter erofgesat ginn - zäitlech limitéiert zwar, mee trotzdeem. Déi Reduktioun gouf um Kongress emol net explizitt ernimmt.

Déi gréng Co-Presidentin Djuna Bernard verdeedegt dës Mesure am 100,7-Interview. Et misst een de Kontext vun der Decisioun am Bléck behalen, an "et muss ee ganz kloer de Fokus op [den temporäre Charakter vun der] Mesure setzen", esou d'Djuna Bernard. D'Subventionéierung vum Sprit wier do fir d'Picken ofzefiederen.

Si géif léiwer de Fokus op déi vill Mesuren am Pak leeën, mat deenen d'Energietransitioun gefërdert gëtt, oder fir sozialen Ausgläich gesuergt gëtt, sou déi gréng Co-Presidentin.

"Néng plus X"

Déi gréng sinn aktuell mat néng Deputéierten an der Chamber vertrueden a wëllen och no de Wale vun 2023 nees mat op d'mannst néng Leit um Krautmaart vertruede sinn. Dat Walzil huet d'Partei-Co-Presidentin Djuna Bernard am 100,7-Interview genannt:

"Eist Zil ass et, eis Sëtz ze verdeedegen, Sëtz derbäi ze gewannen. An natierlech déi gréng Theeme weider no vir ze bréngen."

Aktuell géifen et multipel Krisen an der Gesellschaft ginn, déi déi jonk Generatioun "op ganz ville verschiddene Fronte" géif betreffen, an dofir misst ee Léisungen ubidden.

"Léisunge, wou mer d'Leit mathuelen, wou mer dat kënnen erklären. Wou mer awer och eng Zukunftsvisioun hu vum Zesummenhalt a vum gudde Liewen. An dat heescht eben och, datt dat fir déi nächst Generatiounen nach méiglech ass."