Radioen

On air

Notturno  |  Sam Amidon - Light Rain Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ DNA-Sequenzéierung: Den LNS wëllt seng Ekippen opstocken

Sequenzéierung vu Coronavirus-Varianten

DNA-Sequenzéierung: Den LNS wëllt seng Ekippen opstocken

Fir méi séier erauszefanne wéivill a wéi eng Coronavirusvarianten et hei am Land ginn, wëllt de Staatslabo Personal opstocken. D'Sequenzéierung vun de SARS-CoV-2-Genomer wier den Ament eng Prioritéit vum LNS, esou den Direkter Friedrich Mühlschlegel.

auto_stories

2 min

Sequenzéiere bedeit an dësem Fall, datt d'Spezialiste Schrëtt fir Schrëtt de Genom vun enger positiver Covid19 Prouf erfuerschen, fir dann eraus ze fannen ëm wéi eng Virusvariant et sech handelt, erkläert de Friedrich Mühlschlegel. Dat wier wichteg fir de medezineschen Impakt vun de Virusmutatiounen erauszefannen. Zum Beispill wéi de Krankheetsverlaf ass, wéi geféierlech d'Variant ass oder wéi de Virus op d'Impfcampagne reagéiert.

D'Sequenzéierung erméiglecht och erauszefannen, wou wéi eng Variant am meeschte virkënnt. Zu Lëtzebuerg géifen den Ament iwwer 10 Prozent vun all de positive Coronatester sequenzéiert ginn. Dat géife ronn 385 Prouwe pro Woch entspriechen, esou de Friedrich Mühlschlegel. Lëtzebuerg géif domat elo schonn ënner den Top-Sequenzéirer an Europa leien. An der EU géif vu 500 Prouwe pro Land a pro Woch rieds goen, fir den LNS wier dat elo scho kee Problem. Ma d'Ambitioune wieren nach méi grouss, sou de Friedrich Mühlschlegel.

Deemno sollen an den nächste Woche fënnef nei Leit rekrutéiert ginn an d'Ekipp domat vun zéng op 15 Experte vergréissert ginn, esou de Friedrich Mühlschlegel.

Allerdéngs wieren Experte wéi Bioinformatiker schwéier ze fannen. Wéi e Budget den LNS dofir huet, konnt de Friedrich Mühlschlegl net soen. An och wéi vill a wéi eng Virusvarianten de Moment hei am Land zirkuléieren, géif eréischt kommunizéiert ginn. Am leschte Rapport Enn Januar goufe 15 verschidde Variante festgestallt.