Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Do gëtt et keng Ausernanersetzung"

Chamberwahlen 2018

"Do gëtt et keng Ausernanersetzung"

Deen alen an neien DP-Fraktiounschef Eugène Berger huet der Duerstellung widdersprach, déi een d'lescht Woch am Tageblatt konnt liesen a Saachen Designatioun vum President vun der liberaler Fraktioun. Do stoung, d'DP-Presidentin Corinne Cahen hätt de Max Hahn wëllen imposéieren, d'Fraktioun hätt dat awer net wëlle mat sech maache loossen a sech dofir dogéint gewiert.

auto_stories

2 min

Den Eugène Berger wäert bis 2020 Fraktiounschef vun der DP bleiwen. Duerno wäert de Gilles Baum dee Posten iwwerhuelen.

Un där Versioun wier awer näischt drun, seet den Eugène Berger. Et wier esou, datt de Max Hahn net disponibel war fir dee Posten. An der Fraktioun wier eestëmmeg decidéiert ginn, dat den Eugène Berger bis Enn 2020 d'Fraktioun géif leeden. Den 1. Januar 2021 géif de Gilles Baum dee Posten iwwerhuelen.

Reform vun der Kilometerpauschal

Den Eugène Berger huet iwwerdeems d'Reform vun der Kilometerpauschal verdeedegt:

"Wa Leit vill Méiglechkeeten hu fir den ëffentlechen Transport, da muss ee kënne soen, datt si d'Méiglechkeet kënnen notze vum gratis ëffentlechen Transport. Leit, déi relativ wäit an enger ländlecher Géigend liewen an déi zum Beispill op Schichte schaffen, déi brauchen hiren Auto. Do ass et kloer, datt een do net vill un där Kilometerpauschal wäert fréckelen. Dat wier juristesch méiglech, well et sech ëm verschidde Situatiounen handelt."

Individuell Besteierung

Detailer huet den Eugène Berger iwwerdeems ginn, wéi eventuell déi individualiséiert Besteierung kéint ëmgesat ginn. Prinzipiell soll keen dobäi verléieren. Eng Méiglechkeet wier, datt een iwwer Steierkreditter Verloschter kompenséiert. D'Celibatairë kéinte manner héich besteiert ginn. Un deem Dossier géif geschafft ginn, esou den Eugène Berger.

"Effektiv, wann een nëmmen eng Steierklass huet, datt ee muss kucken, mat wéi enge Moyenen deen aneren eventuell eppes zousätzlech ka kréien. Dat kann awer och heeschen, datt déi, déi haut eppes méi besteiert ginn, muer manner besteiert ginn. "