Déi nei US-Etüde géif alarméieren, well de weltwäiten Duerchschnëtt vun der CO2-Konzentratioun iwwer 400 PPM, also Deeler pro Millioun, läit. Dat seet de Sebastian Scholtz vum däitschen Naturschutzbund. Do kéint sech och d'Trump Administratioun net méi erausrieden. "Déi sech ëmmer aus der Fënster geluecht huet, datt Klimawandel net stattfënnt, mä datt dat natierlech Wiederschwankunge sinn. "
Den neie Rapport vun der US-amerikanescher Klima Autoritéit géif eemol méi weisen, datt den US-President Donald Trump mat senger Politik géing falsch leien, esou de Sebastian Scholtz.
Paräisser Klimaaccord
Et wier e falscht Signal, datt d'USA aus dem Paräisser Klimaaccord wëll austrieden. Mä och ouni d'USA kéint de Paräisser Klimaaccord ëmgesat ginn, seet de Sebastian Scholz.
"Ganz ofgesinn dovun ass et kloer, datt d'Trump Administratioun net fir d'Éiwegkeet gewielt ass. D'Chance besteet, datt et e politesche Wiessel wäert ginn."
Et wier awer wichteg, datt all déi aner Signatairë vum Paräisser Klimaaccord elo séier géifen agéieren, seet de Sebastian Scholz. D'Äerderwiermung géif och nach an den nächste Jore weider zouhuelen, wann d'CO2-Konzentratioun net reduzéiert géif ginn.
Dem US-Rapport no war 2016 a ville Beräicher e Joer vun Negativ-Rekorden. De Mieresspigel wier esou héich gewiescht, wéi nach ni zënter de Moossungen. Nieft der héchster CO2-Konzentratioun wieren och déi héchste Loft- a Waassertemperature gemooss ginn.