Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Devendra Banhart - Love Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Studenten an eeler Leit wunnen zesummen

Doheem mateneen

Studenten an eeler Leit wunnen zesummen

Zënter e puer Deeg wunnen an engem Haus zu Beggen eng Dosen auslännesch Studenten an eeler Leit mat nidderegem Revenu zesumme. De Projet vun der Caritas mam Numm "Doheem mateneen" wëll domat zwou Gruppen zesummebréngen, déi méi gemeinsam hunn, wéi ee kéint mengen. Am Endeffekt solle béid Generatioune vum Zesummeliewe profitéieren.

auto_stories

3 min

Zënter knapp véier Méint ass de Yero Oury Diallo zu Lëtzebuerg. De jonke Mann aus Conakry, der Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea, studéiert op der Uni Lëtzebuerg. Zënter Ufank Februar lieft hien am "Doheem mateneen". Mat der Hëllef vum Lieu d'initiatives et de services des étudiants au Luxembourg (Lisel), krut hien d'Kummer am intergenerationellen Haus vun der Caritas.

De Student aus Guinea freet sech op de Projet. Hie gesäit virun allem eng Chance fir seng Sproochekenntnisser ze verbesseren. "Ech si Fan vu Friemsproochen. Mäi Wonsch ass et, fir och Lëtzebuergesch ze verstoen."

De Yero Oury Diallo ass ee vun zwielef auslännesche Studenten, déi vum 1. Februar un zu Beggen mat enger Dosen eelere Leit an engem Haus wunnen. D'Studente kréien alleguer eng kleng Kummer vun zéng Meter Carré. Déi aner Appartementer hu 45 Meter Carré a si fir eeler Leit mat engem nidderege Revenu reservéiert. Si gi vun der Caritas deene Leit zougewisen, déi schonn a betreite Foyeren gewunnt hunn a fir de Projet a Fro kommen.

Obligatioun fir e soziaalt Engagement

D'Studente mussen hire méi ale Matbewunner ënnert d'Äerm gräifen, erkläert de Marc Pauly vun der Caritas. Zum Beispill: "Eng Hand upake bei de Komissiounen, fir d'Pochen ze droen. Oder fir d'Drecksbacken eidel ze maachen." Et misst awer nach gekläert ginn, wéi dat Engagement herno konkret géif ausgesinn.

Nieft den obligatoreschen Tâchen hofft d'Caritas, datt béid Generatiounen och soss mateneen am Kontakt stinn. Am "Doheem mateneen" gëtt et jiddefalls genuch Choix. Et gëtt en Atelier, Raimlechkeete fir Spill-Aktivitéiten an e Gaart, an deem am Summer zesumme ka geschafft ginn.

Fir d'Caritas ass et den éischten intergenerationelle Projet hei am Land. An Däitschland huet sech "Wohnen für Hilfe" schonn Enn vun de 90er Jore virun allem an Unisstied agebiergert. Och wann an de meeschte Fäll just ee bis zwee Studente bei enger eelerer Persoun liewen.

D'Waltraud Trukses betreit de Projet fir d'Sozialamt zu Stuttgart. Déi meeschten Ënnerstëtzung géif et beim Bewältege vun Alldag-Situatioune ginn, erkläert si. "Zum Beispill Akafen, Begleedung bei den Dokter oder och Begleedung bei Manifestatiounen, Botzaarbechten." D'Mënsche wéilte virun allem Ënnerstëtzung, fir datt si méiglechst laang an hirer Wunneng kéinte liewen.

D'Zesummeliewen tëscht Studenten an eelere Leit géif awer net ëmmer vun Ufank u klappen. Dacks wieren d'Leit ze vill ongedëlleg, wann net alles direkt funktionéiert, sou d'Waltraud Trukses.

Sprooch an nonverbal Kommunikatioun

Zu Lëtzebuerg sinn d'Studenten en plus alleguer international. Et treffe ganz verschidde Kulturen a Sproochen openeen. Am "Doheem mateneen" liewen nieft dem Yero Oury Diallo aus Guinea ënnert anerem ee Jordanier, dräi Syrer an eng Rei Studenten aus der EU. Et géif am Ausland kee vergläichbare Projet ginn, seet d'Edith Weber vum LISEL. "Mir wollten Informatioune sammelen. Mir krute keng. A mir erfannen de Projet selwer."

Aus deem Grond wier et och schwéier, schonn am Viraus fest Aktivitéiten ze plangen. D'Sprooch géif zwar e wichtege Volet ginn. D'Kommunikatioun ouni ze schwätze wier awer och eng Méiglechkeet, sou d'Edith Weber. Fir dat ze fërderen, goufe Spiller kaaft, déi ee ka spillen, ouni mateneen ze schwätzen. Wéi den Alldag am Haus konkret wäert ausgesinn, wéisst een nach net. Dat géif vun den Talenter vun de Studenten an den Erwaardungen a Besoine vun den eelere Leit ofhänken. "E Benevolat kann och sinn, eng Stonn mat engem Kaart spillen", sou d'Edith Weber.

"Doheem mateneen" wier eben och e bëssen en Experiment. Eng 61-järeg, zukünfteg Bewunnerin vum Haus ass sech jiddefalls scho sécher, wat d'Studenten vun hir kënne léieren: "Kachen!"