Radioen

On air

Tockcity  |  Sheebaba - Ambulanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dr Gérard Schockmel: "Eng Impfflicht ass de kinnekleche Wee aus der Pandemie"

Impfung

Dr Gérard Schockmel: "Eng Impfflicht ass de kinnekleche Wee aus der Pandemie"

Den Dokter Gérard Schockmel fënnt eng Impfflicht fir Leit, déi mat Vulnerabele schaffen, fir "onerlässlech". Fir den Infektiolog wier dat och "idealerweis" fir Leit iwwer 50 de Fall.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Foto: picture alliance / Wang Chun

Bis ewell wieren nëmmen hallef Mesurë getraff gi an et hätt een ëmmer probéiert ronderëm eng obligatoresch Impfung ze kommen, mengt den Dokter Schockmel. Dofir wiere mir elo och an der aktueller Situatioun:

"Ech denken, mir brauchen eng Kombinatioun vu Mesuren, awer - ech betounen et nach eng Kéier - déi obligatoresch Impfung fir déi, déi mat Vulnerabelen ze dinn hunn an idealerweis fir déi iwwer 50 schéngt mer onerlässlech."

Géif esou eng Impfflicht duerchgesat ginn, da bräicht ee bis Mäerz, bis datt jiddwereen zwou Impfdosisse kréich. Fir den Dokter Gérard Schockmel ass kloer: wann een dat net mécht oder mat "hallwe Mesuren" erauszögert", da géif een d'Pandemie net an de Grëff kréien.

Wann haut am Regierungsrot keng Decisioun zu enger Impfflicht géif kommen, hätt een de Wanter reegelrecht verspillt, esou de Gérard Schockmel, Infektiolog vun den Hôpitaux Robert Schuman.

Méi Flexibilitéit bei Boosteren a méi Kontroll beim CovidCheck

Fir d'Boostere misst ee méi Flexibilitéit weisen, seet den Infektiolog. De System vun den Invitatioune kéint een zwar bäibehalen, mee et sollt d'Logistik sou einfach wéi méiglech halen. Déi Leit, déi gären e Booster hätten, sollten deen och kréien, och wann een natierlech e minimalen Delai no der zweeter Dosis kéint definéieren.

A Saache CovidCheck misst een awer méi konsequent ginn, mengt den Dokter Gérard Schockmel: et misst och d'Identitéit kontrolléiert ginn.

"Ech menge jiddweree kann e QR-Code vu senger Bomi op säin Handy kopéieren an deen da weisen, dat kann et net sinn!"

Ee vun de wichtegste Pillieren ass deemno fir den Infektiolog, datt beim CovidCheck entweder de Führerschäin oder d'Carte d'identité kontrolléiert gëtt.