Corona-Kris Doleancë vum Taxi-Secteur

De Mobilitéitsministère reagéiert op d'Schwieregkeete vum Taxi-Secteur. Bei der Reform vum Taxi-Gesetz, déi zanter engem Joer an der Schwief ass, solle verschidde Problemer geléist ginn.

Michèle Sinner / cbi

Een Taxi
Foto: Bigstock / Dmitriy Sergeev

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren


Vill Taxi-Gesellschaften hu Placken aus Plexiglas an hir Autoen agebaut, fir d'Chauffeure vun de Clienten ze trennen. Dat wier de Moment am Code de la route net virgesinn an et wier och net kloer, ob een dofir eng spezifesch Autorisatioun vun der SNCA bräicht, seet de Jean-Paul Maas vum Mobilitéitsministère. "Dat si Saachen, déi mer wëllen drasetzen, fir datt mer do eng Kloerheet kréien."

Op d'Problemer agoen

Wéinst der Covid19-Kris huet sech och d'Fro gestallt, wou de Client am Auto sëtze kann. Wann ee Client sech wéilt nieft de Chauffer setzen, géif d'Gesetz de Moment net virgesinn, datt de Chauffer dat refuséiere kéint, gëtt de Jean-Paul Maas ze bedenken. Dat soll elo geännert ginn, fir esouwuel d'Chaufferen ewéi d'Clienten ze schützen.

Datt d'Autoe wärend dem Confinement iwwer Wochen net gefuer goufen, huet och nach aner Schwieregkeete mat sech bruecht. Een Auto, dee méi wéi zwee Méint net operationell ass, géif d'office seng Lizenz verléieren, erkläert de Jean-Paul Maas. Dat wier awer "ganz schwiereg" an der Corona-Kris, an de Mobilitéitsministère wëllt dowéinst eppes ausschaffen, "datt mer dee Problem net méi hunn".

2016 war d'Taxi-Gesetz reforméiert an d'Präisser liberaliséiert ginn. D'lescht Joer gouf awer eng weider Reform ugekënnegt, déi soll an deenen nächste Méint kënnen op den Instanzewee goen.

Méi zum Thema

Fra rifft Taxi
Wirtschaftlech Konsequenze vum Virus

Den Taxi-Secteur ass duerch d'Pandemie an eng Kris geroden, déi och nom Confinement unhält. An der lescht goufen et eng Rei Faillitten a Reprisen um Marché, sou Patrone vu verschiddene Betriber.

En Taxi
Taxi-App

Eng nei Taxi-App versprécht Virdeeler fir d'Konsumenten a fir d'Chauffeuren. Den OGBL warnt an deem Kontext viru Schäiselbststännegkeet. Eng Kritik, déi d'Createure vun der App net novollzéie kënnen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen