Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump ëmmer manner a Fro gestallt

US-Republikaner

Donald Trump ëmmer manner a Fro gestallt

De Government Shutdown, de Stëllstand vu villen amerikanesche staatlechen Institutiounen, ass elo a senger drëtter Woch. De Grond dofir ass dem Donald Trump säi Wahlversprieche fir eng Mauer op der Grenz mat Mexiko ze bauen. Dat gouf deemools nach als eng verréckt populistesch Iddi ugesinn, mee ass elo am Mëttelpunkt vun der neister amerikanescher politescher Kris. An d'Republikaner stäipen dem Trump do de Réck.

auto_stories

2 min

Den 100,7-Korrespondent zu Washington, de Philip Crowther. Foto: Archiv.

Schonn 2015 hat den Donald Trump annoncéiert, datt hien eng Mauer tëschent den USA a Mexiko wéilt bauen. 2015: eng Éiwegkeet hier. Deemools huet den Donald Trump seng Kandidatur fir d'Presidentschaft annoncéiert.

Dat Verspriechen eng Mauer ze bauen op der ganzer Grenz tëschent den USA a Mexiko, an datt Mexiko d'Mauer géing bezuelen, war verstoppt an all de ville bombasteschen Aussoen.

D'Iddi vun der Mauer gouf am Ufank net eescht geholl

Do gouf gelaacht. Den Trump gouf net eescht geholl, kee Republikaner huet him de Réck gestäipt. Eleng stoung den Donald Trump do mat senger Kandidatur a sengem gëllenen Trump Tower zu Manhattan.

Eng Mauer, dat war dach wuel just eng typesch Aart a Weis Wellen ze maachen a keng seriö Propositioun.

Staatlech Institutioune sinn am Stëllstand

Elo ass et Ufank Januar 2019. Staatlech Institutioune sinn am Stëllstand. Ongeféier 800.000 Staatsbeamte ginn net op d'Aarbecht wéinst dem Budgetssträit. Et geet dem President Trump drëms genuch Suen an dee Budget ze kréie fir op d'mannst een Deel vu sengem Wahlverspriechen anzehalen.

Iwwer fënnef Milliarden Dollar kéinte schonn e klengen Deel Mauer bauen. De President ass iwwerzeegt, dat hei wier seng Méiglechkeet dëst Verspriechen anzehalen.

Och moderat Republikaner stinn um Trump senger Säit

A wat huet sech tëschent dem 16. Juni 2015 an haut verännert? Den Donald Trump ass President, an all wichteg Republikaner am Kongress stäipen him elo de Réck. Esouguer de Mitt Romney, de fréiere Presidentschaftskandidat an elo Senater aus dem Utah, wëllt eng Mauer. Hie soll u sech déi méi moderat Stëmmen an der Partei representéieren.

Den neie Chef vun der republikanescher Minoritéit Kevin McCarthy steet stolz nieft dem Trump, wéi hien undeit, datt de Shutdown wéinst der Mauer esouguer Jore laang kéint daueren. Och dat schéngt e Witz oder op d'mannst eng Iwwerdreiwung ze sinn, mee dat hu mir och de 15. Juni geduecht, wéi den Donald Trump fir d'éischt iwwer eng Mauer geschwat huet.