Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump kandidéiert eng zweete Kéier

US-Presidence

Donald Trump kandidéiert eng zweete Kéier

Den Donald Trump huet dës Nuecht offiziell annoncéiert, datt hie Kandidat fir en zweet Mandat am Wäissen Haus ass. De President huet ongeféier 20.000 Supporter an der grousser Basket-Arena zu Orlando am US-Staat Florida versammelt.

auto_stories

2 min

Op esou enger Plaz fillt den Donald Trump sech doheem, an enger Sportsarena voll mat senge Supporter. Am Amway Center zu Orlando waren et der ongeféier 20.000. Dat gëtt dem President den Optimismus, deen hie brauch: hien erwaart sech véier weider Joer am Wäissen Haus an huet esou seng Kandidatur fir en zweet Mandat annoncéiert:

"Mir wäerte weider fir all Mann, Fra a Kand an dësem Land kämpfen. Mat Häerz, mat Schweess, mat Séil wäerte mir Amerika weider méi staark maachen An da wäert Amerika staark bleiwen, besser wei zu all aneren Zäiten. An dofir stinn ech haut hei virun iech, fir meng Campagne fir en zweet Mandat als President vun den USA offiziell ze starten."

Donald Trump ass weider beléift

Esou en Evenement ass och e Rappell fir jiddwereen, wéi beléift den Donald Trump a groussen Deeler vun Amerika ass. Seng Supporter sinn nach méi fanatesch, nach méi iwwerzeegt wei am Joer 2016. Si soen dem President Merci fir all d'Verspriechen, déi hien hirer Meenung no agehalen huet.

Hie géi dem Land nees Hoffnung ginn, Hoffnung, déi d'Leit an de leschten aacht Joer verluer hätten, zielt ee Supporter. "Hien huet eng immens Aarbecht fir eist Land geleescht." Een anere Supporter schwätzt vun engem groussen Erwächen: "D'Afroamerikaner gi waakreg, d'Latinoe gi waakreg, d'Leit gesinn, wat hei lass ass. Villes geschitt de Moment."

Immigratioun bleift een Thema

Dem Donald Trump seng Ried zu Orlando war e Resumé vu senge Succèse bis elo: de Chômage ass um niddregste Punkt zanter Joerzéngten, d'amerikanesch Wirtschaft ass am Opschwong, mee e puer aner Versprieche sinn nach net vollbruecht ginn. Eng Mauer op der Grenz tëscht den USA a Mexiko gëtt et keng.

Dem Trump seng Supporter a Florida wëllen, datt de President "weider mécht wat hie wëllt", datt hien "Amerika weider verbessert" a géint déi illegal Immigratioun duerchgräift. Legal Immigranten hätt ee gär, mee et wieren déi illegal Immigranten, déi een net wéilt, zielt ee Supporter. "D'Demokraten interesséiere sech manner fir Amerikaner wéi fir aner Leit."

Den Donald Trump huet zu Orlando gär u seng Victoire vun 2016 erënnert. Do hunn d'Sondagen net gutt ausgesinn, an déi Geschicht widderhëlt sech elo. Fréi Sondagen an de wichtegste Staaten weisen een Avantage fir de Favorit bei den Demokraten. Dat wier den Joe Biden, de fréiere Vizepresident.