Hie gouf 1931 gebuer a war vu Formatioun Schoulmeeschter. Hien huet och Dictioun am Escher Conservatoire ginn, war Member fir d'éischt vum Lëtzebuerger Theater, an dono Grënnungsmember vum TOL (Théâtre ouvert du Luxembourg). 1995 hat hien an deem Kontext eng Biografie iwwer den Tun Deutsch erausbruecht.
Den Henri Losch war ënner anerem och Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen aus den 80er Joren: "Déi zwéi vum Bierg" an "De falschen Hond".
Den Henri Losch huet e Koup Bicher publizéiert, dorënner: "E Bouf erzielt", "De Kregéiler", "Häerzerkinnek", oder och "Sympathesch Kauzen". En huet awer och Kannerbicher eraus bruecht, ewéi "En drolege Schlasshär", "Am grujelegen Tunnel" oder "En Däiwelsgesiicht".
Hien huet och a ville Filmproduktioune matgewierkt, ënner anerem an "Congé fir e Mord" - "Mumm Sweet Mumm", "Déi zwéi vum Bierg" an "De Falschen Hond", mee och méi rezent an "Belle Epoque" oder "D'Fifties zu Lëtzebuerg".
E leschten Optrëtt als Acteur hat den Henri Losch 2018 als Haffmarschall am Film "Superjhemp retörns".