Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - Autumn In New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doudeger a Blesséierter bei Selbstmordattentat zu Manchester

Attentat zu Manchester

Doudeger a Blesséierter bei Selbstmordattentat zu Manchester

E Méindeg den Owend war eng terroristesch Attack an der Manchester Arena no engem Pop-Concert. De Bilan: 22 Doudeger, 59 Leit goufe blesséiert. Ënnert den Doudege wiere Kanner, sou d'Police. D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Attentat revendiquéiert.

auto_stories

2 min

En onbekannten Täter huet sech gëschter Owend dierkt no engem Concert vun der amerikanëscher Popsänerin Adriana Grande an d'Luucht gesprengt. Den Täteter wier dobäi selwer ëm d'Liewe komm, sou d'Police vu Manchester. D'Prioritéit wier elo fir eraus ze fannen, op hien alleng oder mat Hëllef vun anere gehandelt huet.

D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Attentat en Dënschdeg um Internet revendiquéiert.

Wéi de Lëtzebuerger Ausseministère dem radio 100,7 confirméiert huet, wier den aktuelle Stand, datt kee Lëtzebuerger Bierger betraff wier. Déi lëtzebuergesch Ambassade an England wier awer nach a Kontakt mat den zoustännege lokalen Autoritéiten, heescht et vum Ausseministère. Si hätte bis elo nach "keng schlecht Nouvelle krut".

Wahlkampf a Groussbritannie gouf ënnerbrach

Déi britesch Premier Ministesch Theresa May huet vun enger "fuerchtbarer terroristescher Attack" geschwat. D'Inneministesch Amber Rudd sot, et wier eng Attack op "déi Vulnerabelst an eiser Gesellschaft".

Déi britesch Regierung huet hire Nout-Komittee, Kobra, fir eng Krisesëtzung zu London zesumme geruff. All déi politesch Parteien a Groussbritannien hunn hire Wahlkampf fir d’Parlamentswahlen ënnerbrach.

D'Bomm ass explodéiert kuerz nodeems déi 23-Joer-al amerikanesch Pop-Sängerin Ariana Grande d'Bühn verlooss hat. D'Explosioun war net am Concert’s-Sall selwer, mä op enger anere Plaz an der Manchester Arena, déi eng Capacitéit vun 18.000 Spectateuren huet.

Zwielef Kanner ënner 16 Joer blesséiert

Eng spezial Telefons-Linn gouf opgemaach wou Leit kënnen uruffe fir no Familjememberen a Frënn ze froen, oder fir Informatiounen ze ginn, iwwert dat, wat si gesinn an erlieft hunn.

Aenzeie soen, et hätt op ee mol ganz haart geknuppt. Op Biller, déi vu Smartphonë gefilmt goufen, gesäit een Honnerte Leit, déi aus der Manchester Arena erausstiermen. Um Internet froe Leit op de soziale Reseauen Nouvelle vu Bekannten, déi um Concert waren.

Am Public ware vill Mannerjäreger a Jonker, déi zum Deel och vun hiren Eltere begleet goufen. Wéi déi englesch BBC mellt soll dat jéngsten Affer 8 Joer hunn. Zwielef Kanner ënner 16 Joer goufe blesséiert.