Tëschent 1974 an 1979 war hie Staatssekretär fir Erzéiung an der Regierung Thorn-Vouel-Berg. Tëschent 1970 an 2011 war hie mat Ausnam vun de Joren 1974 bis 1981 fir d'éischt Gemengeconseiller vun der Gemeng Koplescht, a vun 2005 u war hie Buergermeeschter an enger Koalitioun Är Equipe-déi gréng.
De Guy Linster huet och d'Grënnung vum radio 100,7 mat ënnerstëtzt a war laang Jore Member vum Verwaltungsrot vum Radio. Hie war och President vun der Initiativ Freed um Liesen.