Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Douzièmes provisoires" fir de Budget 2019

Chamberwahlen 2018

"Douzièmes provisoires" fir de Budget 2019

Wéinst de Chamberwahlen am Oktober wier et net ubruecht, datt déi aktuell Regierung e komplette Budget fir 2019 opstellt, seet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. Den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler fënnt et "sënnvoll a logesch", keng politesch Akzenter méi ze setzen.

auto_stories

2 min

Datt wéinst de Wahlen kee komplette Budget fir 2019 opgestallt gëtt, wier net nëmmen eng Saach vu Fairplay, mee och vu politeschem Anstand, esou den DP-Fraktiounschef.

"Douzièmes provisoires"

Dowéinst wäert et fir déi éischt Méint 2019 een administrative Budget mat sougenannten "Douzièmes provisoires" ginn, kënnegt de President vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun un. Dat hätt een 2013 och scho gehat, wou een an der selwechter Situatioun gewiescht wier. "Douzièmes provisoires" géing heeschen, datt e Budget bis Abrëll dat Joer duerno festgeluecht géing ginn, an et géingen déi eenzel Budgetsposte vun 2018 geholl ginn, an dann "et rechent een deen dann nach eng Kéier op véier Méint héich", erkläert den Eugène Berger.

Bis de September oder Oktober dëst Joer soll dësen technesche Budget fir déi véier éischt Méint 2019 fäerdeg sinn, esou den DP-Fraktiounschef. Eréischt déi nei Chamber soll dëse Projet da stëmmen. Et misst een den éischte Januar kënnen e Budget hunn. Déi "Douzièmes provisoires" géingen dann an der leschter Woch vum Dezember gestëmmt ginn. Domat soll garantéiert sinn, datt de Staat vu Januar bis Abrëll 2019 finanziell ka funktionéieren.

Budget: Aufgab vun der neier Majoritéit

Et wier dann un enger neier Majoritéit, egal wéi déi dann nom 14. Oktober géing ausgesinn, fir datt déi dann hire Budget fir 2019 opstellt. Dës nei Majoritéit hätt dann och eng Chance, fir hir eegen Akzenter ze setzen. Virun Enn Abrëll 2019 soll deen neie Staatsbudget an der Chamber gestëmmt ginn. Den Eugène Berger geet dann dovunner aus, datt den nächste Finanzminister, egal wien et da wier, dat esou séier wéi méiglech géing an Ugrëff huelen an dann Enn Februar oder Ufank Mäerz en normale Budget kéint presentéieren.

Fir de Staatsbudget fir déi éischt Méint vum Joer 2019 keng politesch Akzenter méi ze setzen, dat wier "sënnvoll a logesch", esou den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler an enger éischter Reaktioun. "Wat dann duerno d'Realitéit gëtt, dat gesi mir", seet den CSV-Fraktiounschef. Den Zäitpunkt vun de Wahlen am Oktober wier e schwieregen Exercice fir déi al Regierung, well se am Fong keng finanziell Engagementer kéint maachen, ebe well se net wéisst, wéi d'Wahlen ausginn.


De Serge Kesseler am Panorama, den 20. Juni um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow