Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP grousse Gewënner, CSV grousse Verléierer

Lëtzebuergesch Resultater

DP grousse Gewënner, CSV grousse Verléierer

D'DP ass de grousse Gewënner vun der Europawahl zu Lëtzebuerg. Déi Liberal gewannen en zweete Sëtz, kommen op 21,44 Prozent vun de Stëmmen a sinn domat déi stäerkste Kraaft. D'CSV verléiert méi wéi 16 Prozent a kënnt just nach op 21,1 Prozent.

auto_stories

7 min

Souwuel déi gréng wéi och d'LSAP halen hiren ee Sëtz am Europaparlament. Mat engem Plus vun 3,9 Prozent kommen déi gréng elo op 18,91 Prozent. D'LSAP gewënnt ganz liicht dobäi a kënnt op 12,19 Prozent.

Domat sinn déi sechs gewielte Lëtzebuerger: de Charles Goerens an d'Monica Semedo fir d'DP, de Christophe Hansen an d'Isabelle Wiseler-Lima fir d'CSV, d'Tilly Metz fir déi gréng an den Nicolas Schmit fir d'LSAP.

Bei de Parteien, déi keen Europadeputéierte stellen, hëlt d'ADR déi meeschte Stëmme mat 10,04 Prozent. D'Pirate kommen op 7,7 Prozent, dei Lénk rutschen ëm knapps ee Prozentpunkt op 4,83 Prozent. VOLT kënnt bei hirer éischter Participatioun op 2,11 Prozent vun de Stëmmen.

Mat iwwer 97.000 Stëmmen ass de Charles Goerens op nationalem Plang de beschtgewielte Politiker. Op de Plazen 2 an 3 kommen de Christophe Hansen (62.622 Stëmmen) an d'Tilly Metz (55.359 Stëmmen). Den Nicolas Schmit ass insgesamt just 10.-gewielten.

D'Kommunistesch Partei (KPL) kritt 1,14 Prozent. déi Konservativ huele bei hirer éischter Europawahl 0,53 Prozent vun de Stëmmen.

Nicolas Schmit wëllt weider Kommissär ginn

Den Nicolas Schmit ass net zefridde mam Ausgang vun den Europawahlen, d'Sozialdemokratie an Europa géif duerch eng schwéier Period goen. "Ech sinn awer zefridden, datt déi populistesch Kräfte kee Sëtz kruten, dat weist Maturitéit vun de Lëtzebuerger Wieler."


D'Reaktioun vum Nicolas Schmitplay_arrow


Et géif keng Diskussioun doriwwer ginn, datt den Etienne Schneider géif an d'Europapolitik goen, seng Kompetenz géif zu Lëtzebuerg gebraucht ginn, sou de fréieren Aarbechtsminister. Den Nicolas Schmit sträicht de Poste vum EU-Sozial-Kommissär als deen Domaine ervir, deen hien am meeschte géif interesséieren.

"D'Parteielandschaft an Europa ass duerchernee bruecht ginn. A ganz Europa. Dat muss net negativ sinn. Esou musse mir eng nei Majoritéit konstituéiere mat anere Parteie wéi déi Liberal oder déi gréng. Ech gesinn dat éischter positiv. Europa brauch onbedéngt eng nei Dynamik."

Christophe Hansen: "CSV muss déi néideg Conclusiounen zéien"

"CSV huet en Erneierungsprozess hanner sech mat enger neier Equipe. Mir hunn och keng Economie circulaire gemaach vun deene Leit, déi an der Chamber sinn. Mir hunn nei Käpp opgesat. Mir maachen dat Resultat hei net um drëtte Setz fest. Dee Risiko si mir agaangen. Dat heiten ass den éischte Schrëtt fir eng Erneierung an e Schrëtt dee mir weiderféieren".


D'Reaktioun vum Christophe Hansenplay_arrow


Dat ass dem Christophe Hansen (CSV) seng éischt Reaktioun op dat schlecht Resultat vu senger Partei. Et dierft een dat Resultat senger Meenung no awer net un den Europawahle vun 2014 festmaachen. D'CSV misst sech elo d'Fro stellen, wat se an Zukunft anescht maache muss. "Fir dee Prozess hu mir elo Zäit. Mir hunn elo eis Conclusiounen doraus ze zéien", sou de Christophe Hansen.

Den David Wagner mécht vill extern Aflëss fir d'Resultat verantwortlech

Den David Wagner (déi Lénk) mécht e rietsen Trend an Europa responsabel dofir, datt seng Partei kee Sëtz am Europaparlament kritt. "D'ADR konnt dovu profitéieren. Mee si kréie kee Sëtz", sou de Chamberdeputéierten. Eng weider Erklärung fir d'Resultat vun déi Lénk kléngt esou "Et schéngt esou ze sinn, datt CSV weider verléiert. Et schéngt e liberale Push ze ginn. Déi liberal Kräfte sinn net just d'DP, mee och déi gréng."


D'Reaktioun vum David Wagenerplay_arrow


Den David Wagner hat domat gerechent, datt seng Partei hiert Resultat kéint stabiliséieren. Hie geet dovun aus, datt de Sujet Klimapolitik e groussen Impakt gehat huet. Och déi Lénk hätte sech fir dëse Sujet engagéiert, dovu profitéiert hätten awer déi gréng. "Si sinn do méi credibel, well méi original." Den David Wagner huet och nach de Lëtzebuerger Wahlsystem dofir responsabel gemaach, dat wier net favorabel fir seng Partei.

Daniel Silva (Volt): "Et feelt u Moyenen an un Hänn"

"Ech denke schonn, datt déi pan-europäesch Iddi ukomm ass. Mir hu positiv Energie vun de Leit kritt. Mir hu méi wéi KPL an déi Konservativ. Fir eis ass dat eng Victoire. A mir hunn och e Sëtz an Däitschland." Dat ass déi éischt Reaktioun vum Daniel Silva (VOLT).


D'Reaktioun vum Daniel Silvaplay_arrow


Et hätt ee sech agesat fir eng nei Energie an d'Politik ze bréngen, domat géif een elo virufueren. Et hätt ee vill vun de soziale Medie profitéiert a vill op Englesch kommunizéiert, wat eventuell e Feeler gewiescht wier. Déi ganz Campagne vu senger Partei wier aus eegener Täsch finanzéiert ginn, et hätt een nach méi maache kënnen, "et feelt awer u Moyenen an un Hänn".

Corinne Cahen: Eegeluef a Kritik un CSV

D'Wieler hätte souwuel d'Regierungsaarbecht wéi och d'Aarbecht vum Charles Goerens am Europaparlament honoréiert, seet d'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen. "Kee lénks leie loossen a kee riets gewäerde loossen. Dat ass d'Demokratesch Partei hei zu Lëtzebuerg", sou d'Corinne Cahen. D'Politik-Newcomerin Monica Semedo - déi e Sëtz am Europaparlament krut - lueft d'Corinne Cahen ausdrécklech. "D'Monica Semedo engagéiert sech an der Politik. Et huet ganz déif Konviktiounen. Ech si frou fir säi Resultat."


D'Reaktioun vun der Corinne Cahenplay_arrow


E Säitenhieb huet d'Familljeministesch fir d'CSV iwwereg: "Politik huet näischt mat mëllen oder haarden Téin ze dinn, mee mat engem Projet fir e Land. Wéi hätte mir gären, datt d'Land an Zukunft ausgesäit? (...) Wat CSV fir e Stil do huet ass mir relativ egal."

Tilly Metz: "Mir hunn déi richteg Themen ugeschwat"

D'Tilly Metz ass zefridde mat hirem Resultat. "Ech mengen, et ass eng Stäerkung vun de Regierungsparteien, wat hei geschitt ass. Och de Choix mam Claude Turmes war dee Richtegen. Mir si ganz frou iwwer déi véier Prozent, déi mir méi hunn."


D'Reaktioun vun der Tilly Metzplay_arrow


"Dat heiten ass eng genial Victoire. En zweete Setz wär genial gewiescht. Mir sinn elo immens frou iwwer déi véier Prozent, déi mir mat enger neier Equipe bäigewonnen hunn."

Gast Gibéryen: "Frou iwwer perséinlecht Resultat"

"Kloer, mir hätten de Sëtz am Europaparlament gär gehat", sou eng éischt Reaktioun vum Gast Gibéryen (adr). Hie wier frou, datt seng Partei iwwer zéng Prozent komm wier an "wéi de Charles Goerens hunn ech, wat mäi perséinlecht Resultat ugeet, dovu profitéiert, datt dëst Joer Spëtzekandidate wéi d'Viviane Reding oder de Claude Turmes net méi dobäi waren."


D'Reaktioun vum Gast Gibéryenplay_arrow


D'Piratepartei kënnt op 7,7 Prozent. Dat si ronn 3,5 Prozentpunkte méi wéi nach 2014. D'Piratepartei hat kee Spëtzekandidat. Mat 22.221 Stëmme gouf den Daniel Frères Éischtgewieltene bei der Piratepartei. Wéinst dem "Gudde Resultater" hätt d'Majoritéit vun der Partei den Deputéierte Marc Goergen opgefuerdert säi Koordinatiounsposten net opzeginn.


D'Reaktioun vum Daniel Frèresplay_arrow


"Also mir hunn em proposéiert säi Posten net opzeginn. Hien huet dat gesot. Dat war a senge Gedanke mee mir wëllen datt hie bleift. Et ass keen do deen dat besser mécht wéi hien. A mir sinn net d'accord datt hie geet. Net no dem Resultat."

100,7 Informatiounen no hat de Marc Goergen senge Parteikollege rezent offréiert no den Europawahle säi Posten als Coordinateur opzeginn. Dat wéinst internen Divergenzen.

De Marc Goergen war bis ewell net fir eng Reaktioun ze erreechen.