Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dräi bis véier Campinge wäerten net iwwerliewen"

Héichwaasser

"Dräi bis véier Campinge wäerten net iwwerliewen"

Dräi bis véier Campinge wäerten d'Héichwaasser vu virun zwou Woche warscheinlech net iwwerliewen, seet den Direkter vun der Agence Luxembourg for Tourism.

auto_stories

1 min

De Sebastian Reddeker huet awer betount, déi meescht betraffe Campingen wieren entweder schonn erëm op, oder si géifen an de nächsten Deeg nees opmaachen.

Et géif also just e klengen Deel vun der Gesamtcapacitéit ewechfalen, esou de Sebastian Reddeker. Iwwer de Summer géifen et zu Lëtzebuerg genuch Campingsplaze ginn.

Et wier och ee Virdeel gewiescht, datt Lëtzebuerg an der internationaler Press als Hotspot vun den Iwwerschwemmunge war. Zu Tréier wier dat net de Fall gewiescht, seet de Sebastian Reddeker.