Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Droit de réponse an Zukunft och bei Online-Publikatiounen

Medien

Droit de réponse an Zukunft och bei Online-Publikatiounen

De Medieminister Xavier Bettel huet en neit Gesetz iwwer d'Meenungsfräiheet an de Medien deposéiert. Notamment beim Droit de réponse sollen Online-Publikatioune mat abezu ginn.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / renisons

Lauschterenplay_arrow


Dat aalt Gesetz vum 8. Mee 2004 hätt sech zwar bewäert, trotzdeem misst et un d'Realitéite vun der digitaler Press ugepasst ginn, esou de Medieminister Xavier Bettel. D'Recht op eng Äntwert wier nämlech e grondleeënd Recht an ee Garant vun der Meenungsfräiheet an der Vilfalt vun de Meenungen an de Medien.

Kloer Modalitéite fir Online-Publikatiounen

Mam neie Gesetz ginn elo d'Modalitéite vum Droit de réponse fir Onlinesitte festgeluecht.

Geäntwert gi ka just schrëftlech - an zwar an der nämmlechter Längt ewéi déi ursprénglech Informatioun, wourop sech bezu gëtt.

D'Äntwert muss dann och spéitstens dräi Deeg, nodeems se beim concernéierten Editeur erakomm ass, verëffentlecht gi - a muss och zäitlech d'selwecht laang online accessibel sinn, wéi d'Informatioun, op déi se sech bezitt. De Minimum läit hei bei engem Dag.

Zudeem muss d'Äntwert als Droit de réponse erkennbar sinn an hanner der ursprénglecher Informatioun verëffentlecht respektiv mat dëser verlinkt ginn. Ass dës net méi online verfügbar, muss beim Droit de réponse preziséiert gi wéini se verëffentlecht gouf a wéi laang se online war.

An zulescht: Wann déi ursprénglech Informatioun spéider am Archiv ze fannen ass, muss den Droit de réponse och do ze fanne sinn.

Upassung un digital Medien

Duerch den aktuelle legislativen Text ass den Ament net séchergestallt, dat den Droit de réponse kéint exerzéiert ginn. Heifir misst eng Publikatioun nämlech aktuell Zitat "periodesch" sinn, dat wier bei engem Internetsite awer net de Fall.

Zu dëser Conclusioun war och d'Cour d'appel 2014 an hirem Urteel an enger ziviller Affär komm: Den Droit de réponse kéint net exerzéiert ginn, wann et sech ëm eng Online-Verëffentlechung op engem Internetsite handelt, well de periodesche Charakter hei net gi wier.

D'Periodizitéit war am Gesetz vun 2004 zeréckbehale gi fir ze garantéieren datt en Droit de réponse den nämmlechte Public erreeche kéint, wéi déi ursprénglech Publikatioun, déi domat kontestéiert géif ginn.