Weltausstellung Dubai 2020: Lëtzebuerger Pavillon hëlt Konturen un

D'General-Kommissärin fir d'Weltaustellung zu Dubai, huet gëschter um Wirtschaftsministère nieft der finaliséierter Architektur vum Pavillon och éischt Pläng fir den Interieur vum Pavillon virgestallt. Virun der Presentatioun vum Projet virun der Press huet d'Maggy Nagel den Deputéierten an der Chamber-Wirtschafts-Kommissioun Ried an Äntwert gestanen.

Maurice Anthony / cz

Expo Dubai 1
Den Zouschlag fir de Bau vum Pavillon huet eng schwäizer Baufirma kritt. (Foto: Metaform Architects)

De Budget fir de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai läit aktuell bei insgesamt 32 Milliounen Euro. Fir den CSV-Deputéierten Claude Wiseler eng héich Zomm, déi an de Projet investéiert gëtt, hie fënnt awer och, datt Lëtzebuerg uerdentlech soll presentéiert ginn. Hie hofft, datt d'Regierung dëse komplexen Dossier, deen de Bau, d'Organisatioun, den Inhalt an d'Presentatioun vu Lëtzebuerg no baussen "uerdentlech iwwer d'Bühn kritt".

D'Envelopp vun 32 Milliounen Euro kéint nach weider klammen, esou d'Maggy Nagel, General-Kommissärin fir d'Weltausstellung. Privat an institutionell Partner kënnen de Pavillon als Plattform notzen. Wéilte sech zum Beispill weider Ministèren am Lëtzebuerger Pavillon presentéieren, klëmmt de Budget.

De Groupement d'Intérêt économique, kuerz GIE, huet d'Mandat fir de Lëtzebuerger Pavillon ze bauen an ze ënnerhalen. Um Projet bedeelege sech och Sponsoren aus der Lëtzebuerger Wirtschaft, sief dat aus der Stolindustrie oder der Logistik. Si droen hiren Deel zum Budget bäi. E Budget, deen duerch Imprevuen ugepasst gouf.

Vue aus der Loft op de Site vun der Weltausstellung (Foto:Visuel: Expo 2020 Dubai)

Charta soll Respekt vum Aarbechtsrechts respektéieren

Um Ufank vum Projet wier e Budget vu 25 Milliounen Euro virgesi gewiecht. Et hätt sech awer séier erausgetallt, datt de Bau am Verglach zu Lëtzebuerg, ronn 30 Prozent méi deier ginn.

Dat hätt zur Konsequenz gehat, datt de Budget mam Accord vum Staatsrot gehuewe gouf. Op d'Äusserung vun enger Journalistin, datt d'Aarbechter op der Plaz trotz deenen 30 Prozent weiderhin näischt géife verdéngen, gouf net reagéiert. D'Maggy Nagel huet dogéint confirméiert, datt fir de Bau vum Pavillon virun allem Aarbechter aus Indien a Pakistan rekrutéiert goufen.

Eng Charta soll de Respekt vun den Aarbechtskonditioune garantéieren (Foto: DS)

Den Organisateur hätt vill Efforte gemaach, wat d'Aarbechtsrecht ugeet an déi bedeelegt Länner géifen zu all Moment driwwer informéiert ginn, wat um Terrain leeft. D'Firmen déi d'Aarbechten ausféieren géife regelméisseg kontrolléiert an d'Aarbechtsconditioune wieren an enger Charta mam Organisateur festgeschriwwe ginn.

Sollt eng Entreprise d'Charta net respektéieren, géif si keng Erlaabnis kréie fir um Site vun der Welt-Expo ze schaffen, esou de Marc Scheer, General-Secrétär vum GIE. De Sven Clement hat an der Chamber-Wirtschaftskommissioun un d'Anhale vun Aarbechts- a Mënscherechter appelléiert. "Mir gesinn awer duerch rezent Reportagen aus dem Katar zum Beispill, datt och bei de Stadien dir de Fussball déi Erklärungen ofgi gi sinn, awer net onbedéngt agehalen goufen." Dofir misst een oppassen, datt net nëmmen eng Absichtserklärung agehale géif ginn, mee et misst och um Terrain kontrolléiert ginn op déi Absichtserklärung agehale gëtt.

Diversitéit, Connectivitéit, Durabilitéit, Entrepreneuriat an d'Schéinheet vu Lëtzebuerg

Den Zouschlag fir de Bau vum Pavillon huet eng schwäizer Baufirma kritt. D'Aarbechte sollen dëse Juli ufänken an ee Joer daueren. Um Enn soll de Pavillon d'Visiteuren op eng interaktiv Manéier iwwer dräi Etagen duerch Lëtzebuerg féieren, seet d'Maggy Nagel. "Et geet een d'Trap erop bis an de Pavillon. Da fänkt een ënnen u mat dem Sujet Diversitéit a Connectivitéit. An dann erop bei d'Durabilitéit, den Entrepreneuriat an d'Schéinheet vu Lëtzebuerg.

Diversitéit, Connectivitéit, Durabilitéit, Entrepreneuriat an d'Schéinheet vu Lëtzebuerg (Foto: Jangled Nerves)

Um Inhalt vun deene Punkte gëtt de Moment nach geschafft", sou d'General-Kommissärin fir d'Weltaustellung. D'Weltaustellung mécht den Oktober 2020 seng Dieren op a leeft ronn sechs Méint ënner dem Motto "Connecting Minds, Creating the Future". Iwwer 180 Länner stellen zu Dubai aus. 25 Millioune Visiteure gi sech vun den Organisateuren erwaart.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Antony
Lauschteren

Méi zum Thema

Maggy Nagel
Weltausstellung Dubai 2020

25 Milliounen Euro stellt d'Regierung. Ronn aacht Millioune gi vu Partner investéiert. Deen Deel vum Pavillon, deen no der Ausstellung nees op Lëtzebuerg kënnt, soll zu engem Space Center ëmgebaut ginn.

Maggy Nagel
Maggy Nagel

D'Maggy Nagel geet net méi mat a Walen. Mat der Politik wier et ganz eriwwer, esou déi fréier Ministerin. Als Lëtzebuerger Kommissärin ass d'Maggy Nagel zoustänneg fir d’Weltausstellung 2020 zu Dubai.

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen