Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duell tëscht Theresa May an Jeremy Corbyn

Neiwahlen a Groussbritannien

Duell tëscht Theresa May an Jeremy Corbyn

A Groussbritannien si virgezunne Parlamentswahlen. Obwuel méi wéi eng Dose Parteien un de Wahle wäerten Deel huelen, leeft et op en Duell tëschent deene Konservativen, mat der Spëtzekandidatin Theresa May, an der Labour-Party mat hirem Spëtzekandidat Jeremy Corbyn eraus.

auto_stories

4 min

Den 19. Abrëll hat dat britesch Parlament, no engem Virschlag vun der Regierungschefin May, mat grousser Majoritéit fir Neiwahle gestëmmt. Virdrun hat d'Theresa May méintelaang gesot, datt keng virgezunne Parlamentswahlen néideg wieren. Déi britesch Regierungschefin huet hire Sënneswandel sou erkläert, datt si d'Majoritéit vun de Konservativen am Parlament vergréissere wéilt, fir gestäerkt an d'Brexit-Verhandlunge mat der EU ze goen.

En anere Grond fir déi virgezunne Parlamentswahle wier, datt d'Theresa May hire gréisste politesche Konkurrent, d'Labour-Party mam Spëtzekandidat Jeremy Corbyn, weider hätt wëlle schwächen, seet de Stuart Wilks-Heeg, Professer fir Politik op der Universitéit Liverpool. Déi konservativ Partei wier zu dem Zäitpunkt wäit an den Ëmfroe vir gewiescht. An och der May hir perséinlech Wäerter wiere virun deene vum Jeremy Corbyn vun der Labour-Party gewiescht. Am Stuart Wilks-Heeg sengen Ae war et e gudden Zäitpunkt fir d'Labour-Party praktesch ze zerstéieren.

Negativtrend vu Konservativen

Mëtt Abrëll, wéi fir d'Neiwahle gestëmmt gouf, louchen déi Konservativ an den Ëmfroen 25 Prozent-Punkte virun der Labour-Party. An der Tëschenzäit ass dee Virsprong, jee no Ëmfro-Institut op 5 bis 7 Prozent-Punkte geschmolt. Fir de Gerhard Dannemann, vum "Centre for British Studies" vun der Humboldt-Universitéit Berlin, wier de Grond fir dëse Réckgang, d'Sozialpolitik vun deene Konservativen.

E sécheren Ëmstand wier sécherlech d'Diskussioun ronderëm d'Bezuelpolitik. "Wéi d'Torries hire Wahlprogramm virgestallt hu waren do eng Partie markant Aschnëtter am Sozialsystem dran. Airun allem eppes wat "Demenzsteier" genannt ginn ass. Datt ee säin eegent Haus opgi misst fir d'Fleeg am Alter, an dat huet d'Theresa May probéiert ze konterkaréieren. Dat huet hir zimlech geschuet."

De Stuart Wilks-Heeg vun der Universitéit Liverpool mengt awer, datt déi negativ Entwécklung vun de Konservativen och zu engem groussen Deel un der Persoun Theresa May géif leien. De Wahlkampf wier relativ op si selwer zougeschnidden. Et sollt si an de Brexit-Verhandlunge stäerken a si als bessere Leader wéi den Jeremy Colbyn duerstellen. Am Wahlkampf hätt sech awer erausgestallt, datt si eigentlech méi eng schwaach Politikerin wier, wéi d'Leit geduecht hunn. D'Theresa May hätt an der Wahl-Campagne Debatte mat anere Kandidaten an Interviewe refuséiert. Den Jeremy Corbyn wier vill méi authentesch a souverän opgetrueden, sou den Unis-Professer.

Afloss vu Brexit an Terror

D'Brexit-Verhandlungen hätten am Wahlkampf komescherweis kaum eng Roll gespillt. Obwuel si, op d'mannst offiziell, de Grond fir déi virgezunne Wahle waren, sou de Gerhard Dannemann. Et wier och schwiereg d'Positioune vun de Parteie genee festzeleeën, well et keng ëffentlech Debatt iwwert d'Brexit-Verhandlungen gouf, seet de Stuart Wilks-Heeg. D'Ënnerscheeder tëscht der Labour-Party an de Konservativen ze nenne wier schwiereg. An am Fong géif d'Positioun vun der Labour-Party grad sou an eng Richtung haarde Brexit goen, sou de Politik-Professer.

Donieft hätten d'Attentater, den 22. Mee zu Manchester an e Samschdeg zu London Theme wéi Terrorismus oder Sécherheet an de Fokus geréckelt, seet de Stuart Wilks-Heeg. Wéi grouss den Afloss vun den Attentater op d'Wahlresultat ass, wier schwéier ze soen.

D'Politiker a Groussbritannien hunn op alle Fall op d'Attentater reagéiert. D'Theresa May huet an engem Video-Message op hirem Twitter-Account gesot, datt si noutfalls och d'Mënscherechter wéilt ëmgoe fir géint Terroristen ze kämpfen. "Ech wëll méi ënnerhuelen fir d'Beweegungsfräiheet vun Terrorverdächtegen anzeschränken. Wa mir genuch Informatiounen hu fir ze wëssen, datt si eng Bedreeung sinn, awer net genuch fir se unzekloen, a wann eis d'Mënscherechter eis dovunner ofhalen eppes géint si ze ënnerhuelen, da wäerte mer eis Gesetzer änneren."

De Stuart Wilks-Heeg fënnt et komesch, datt den eigentlech lénks-ausgeriichte Jeremy Corbyn sech och an deem Mooss an d'Terrorismus-Debatte ageschalt hätt. Et wier wierklech komesch, datt de lénks-politesch-orientéierten Jeremy Corbyn, dee soss d'Mesure vun der Regierung géint den Terrorismus kritiséiert hätt, elo fir méi Sécherheet a Poliziste géif plaidéieren. Dat wier eng komesch Dynamik am Wahlkampf.

Kleng Parteie spille keng Roll

Déi aner britesch Parteien, wéi d'Liberal-Demokraten oder d'Ukip, hätten am Wahlkampf keng grouss Roll gespillt, analyséiert de Stuart Wilks-Heeg. Déi lescht Jore wiere kleng Parteien a Groussbritannien ëmmer méi staark gi wieren. Awer an dësem Wahlkampf géif sech am Prinzip alles ëm déi zwou gréisste Parteien dréinen. Dat géif een och an den Ëmfro-Wäerter gesinn.

D'Liberal-Demokraten sinn déi gréisst Partei, déi fir e "softe" Brexit oder fir de "Remain" ass. Si hätt déi 48 Prozent vun de Briten, déi géint een EU-Austrëtt gestëmmt haten, net kënne fir sech gewannen an op hir Säit zéien, sou de Stuart Wilks-Heeg.

Béid Experte rechnen domadder, datt déi Konservativ vum Theresa May, d'Parlaments-Wahle gewannen. Allerdéngs géifen d'Torries déi grouss Majoritéit, déi se eigentlech ugepeilt haten, wuel net erreechen. Wann déi Konservativ awer d'Majoritéit am Parlament, déi se bis elo haten, duerch dës Wahle géife verléieren, misst d'Theresa May zrécktrieden, seet de Gerhard Dannemann. An deem Fall misst d'Theresa May zerécktrieden. Dat wier dann ee Schoss, deen no hanne lass gaange wier.